Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Romain Schmit: Am Handwierk feelen 10 Prozent vun de Leit

Handwiekerfederatioun

Romain Schmit: Am Handwierk feelen 10 Prozent vun de Leit

Am Handwierk läit den Absenteismus de Moment bei an der Moyenne 10 Prozent, esou d'Schätzung vum Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun Romain Schmit. Am Verglach mat normalen Zäite géifen duebel sou vill Leit feelen. Eenzel Entreprisë géifen awer mellen, datt bis zu 40 Prozent vun hirem Personal net do wier. An Eenzelfäll wieren och d'Direktiounen Omikron-bedéngt ausgefall.

auto_stories

2 min

De Romain Schmit ass Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Wéinst den Ausfäll géifen et Schwieregkeete bei der Organisatioun vu Betriber ginn, respektiv fir d'Produktioun nach oprecht ze erhalen, erkläert de Romain Schmit am 100,7-Interview.

Krankeschäiner, Isolementer a Qurantänen

Am Januar wier den Absenteismus an d'Luucht gaangen, wat dem Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun no engersäits duerch den obligatoreschen 3G op der Aarbecht verschëllt wier, anerersäits géif dat mat der Omikron-Well zesummefalen.

D'Zuel vun de Krankeschäiner géif erop goen, mee och déi vun den Isolementer a Quarantänen. Et kéint een awer net ënnerscheeden, wourop genee de méi héijen Absenteismus am Handwierk zeréck ze féiere wier. Den Absenteismus an de Betriber hätt sech op d'mannst awer verduebelt, esou de Romain Schmit.

D'Vertrieder vum Handwierk wëllen dowéinst zesumme mam Wirtschaftsministère probéiere Léisungen ze fannen, an et misst eventuell op Kuerzaarbecht zréck gegraff ginn.

3G op der Aarbecht: keng gréisser Problemer

Op d'Aféierung vum 3G-Covid-Check-Regime op der Aarbecht wieren d'Entreprisë generell gutt virbereet gewiescht, esou de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun an engem Tëschebilan no enger Woch:

"Et kann een haut soen, datt 85 Prozent vun de Betriber effektiv keng gréisser Problemer mat der Aféierung vum 3G op der Aarbechtsplaz haten an och datt déi komplett Katastroph ausbliwwen ass."

Den 3G-System op der Aarbecht wier awer eng zousätzlech Belaaschtung an een zousätzleche Käschtepunkt fir d'Betriber, an dat an engem schwieregen Ëmfeld, ënnersträicht de Romain Schmit.