Rollinger verlaangt nach ëmmer Compensatioun fir Wickréng/Léiweng

De Promoteur Guy Rollinger fuerdert nach ëmmer eng Compensatioun vum Staat fir de Projet Wickréng/Léiwéng, aus deem jo näischt ginn ass. Kuerz virun de Wahlen vum 20sten Oktober gouf et an deem Zesummenhang eng Reunioun tëscht him an dem Nach-Premier Jean-Claude Juncker. De Jean-Claude Juncker hätt de Guy Rollinger dorops hin bei den Etienne Schneider geschéckt, fir ze kucken ob de Promoteur Bau-Projeten op Industrie-Zone kéint maachen, déi de Wirtschaftsministère geréiert. Dat wier awer net méiglech, esou den Etienne Schneider am 100,7-Interview. Am Staatsministère krute mer gesot, et géing elo eng Léisung gesicht ginn, iwwert de Wee vun der nei geschafener "Cellule de facilitation", déi komplex Bau-Prozeduren begleede soll. Ob de Guy Rollinger awer mat esou enger Léisung zefridden ass, huet den Etienne Schneider a Fro gestallt.

De Bäitrag vum Gil Goebbels

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/gil.mp3"]

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen