Robert Biever warnt viru Konsequenze vun Antiterrorbestëmmungen
Kriteschen Avis vum Procureur General d’Etat iwwert déi geplangten nei Antiterrorbestëmmungen: De Robert Biever warnt viru grousse Changementer. Mat de geplangten Ännerungen géif et a Richtung vun enger präventiver Justiz goen. An Zukunft geet schonn e Verdacht op een terroristeschen Akt duer fir stroffälleg ze ginn. Mam Gesetzesprojet 6761 géingen eng ganz Rei Rechtsprinzipen hannerfrot ginn: wéi d’Présomption d’innocence, d’Exigenz vun enger pertinenter Beweislaascht, d'Recht op en equitable Prozess, d’Transparenz an d’Legalitéit vun de Beweiser, grad wéi d’Motivatioun vun Decisiounen an d’Recht fir an Appel ze goen. Eng aner Konsequenz wär, datt d’Justizaarbecht vun der Police schwiereg vun der Aarbecht vum Geheimdéngscht ze trenne wier. Déi geplangten nei Antiterrorbestëmmunge géingen op eng institutionell Collaboratioun vu Police a SREL eraus lafen, esou de Robert Biever a sengem Avis zum Gesetzesprojet.
De Bäitrag vum Mick Entringer: