De Récktrëtt kënnt nodeems den Untersuchungsriichter Filipe Rodrigues, deen den André Lutgen beim Parquet denoncéiert hat, d'lëscht Woch dem Stéphane Maas seng Récusatioun gefrot hat.
Et war wuelverstanen net den Ugekloten André Lutgen, deen d'Récusatioun vum Riichter wéinst Befangenheet gefrot hat. Mee den Untersuchungsriichter, deen den André Lutgen soll intimidéiert hunn, als Partie civile. Den Filipe Rodrigues hat am Prozess als Zeie missen aussoen a war sichtlech rosen, iwwer d'Manéier, wéi hien do befrot gi war.
De Riichter Stéphane Maas erkennt dee Virworf vun der Befaangenheet awer net un. Well hie sech zeréck zitt, muss de President vum Bezierksgeriicht lo net méi iwwer den Acte de Récusation decidéieren. De Prozess géint den André Lutgen muss refixéiert ginn. En Datum dofir gëtt et awer nach net.