Riicht Eraus: Pläng vun der Regierung am Logement sinn onrealistesch
D’Pläng vun der Regierung fir bis 2025, 10000 nei Wunnengen op de Marché ze brénge sinn onrealistesch, esou de President vun der Chambre Immobilière an onser Emissioun “Riicht Eraus”. De Jean-Paul Scheuren huet d’Prozeduren ugeprangert, mat deenen d’Bauhäre konfrontéiert wieren. “Et ass net seelen, datt et zéng Joer dauert fir e Lotissement vun 30 oder 100 Wunnengen ze bauen”, esou de Jean-Paul Scheueren.
D’sektoriell Pläng hätten d’Lag nach verschlëmmert, dowéinst huet de President vun der Chambre Immobilière begréisst, datt d’Regierung d’Pläng fir de Moment annuléiert huet.
Dem Jean-Paul Scheuren no, misst nach vill méi an de logement locatif investéiert ginn (tëscht 15 a 20 Dausend Wunnenge wiere néideg). Dofir war et op e neits den Appel fir dem privat Secteur z’erméigleche gënschteg Wunnengen op de Marché ze bréngen, andeems d’Käschten um Kapital reduzéiert ginn.
Déi ganz Emissioun, moderéiert vum François Aulner: