Riicht Eraus: ICT-Secteur, NSA-Affär an Dateschutz

D'Acteure vum ICT-Secteur zu Lëtzebuerg sinn iwwerrascht vum Ausmooss, deen d'Geheimdéngschtiwwerwaachung um Internet huet. Dat war eng vun den Aussoe vum Entrepreneur Xavier Buck (DCL Group, Datacenter Luxembourg, EuroDNS) an der Emissioun Riicht Eraus. Datt och de Lëtzebuerger Geheimdéngscht am grousse Stil Donnéeën um Internet sammelt, schléisst de Xavier Buck aus.
e fréiere CSV-Minister an Affekot Jean-Louis Schiltz ass trotz der NSA-Affär der Meenung, datt den Internet kee rechtsfräie Raum ass. D'Iddi fir den Internet op internationalem Plang ze reguléiere wier par conter utopesch.

Zur geplangter Reform vum europäeschen Dateschutzreegelen (wou d'Recht vum Eenzelne soll gestäerkt ginn, seng Donnéeën um Internet nees läschen ze loossen), sote béid Invitéen, datt déi Mesure technesch a juristesch deels schwéier duerchsetzbar ass.

Den elektronesche Commerce huet dem Xavier Buck no och nom Changement vum europäeschen TVA-Regime 2015 eng Zukunft zu Lëtzebuerg. Och fir Servicer ronderëm elektronesch a virtuell Währunge wier ee gutt opgestallt, sou de Jean-Louis Schiltz.

Déi ganz Emissioun, moderéiert vum Pia Oppel:

Programm

Net verpassen

  • Voices vum Max Richter

    Max Richter

    Dem brittesche Komponist seng nei Kompositioun gëtt um internationalen Dag vun de Mënscherechter, den 10. Dezember, am Reseau vun der Union Européenne de Radio-Télévision diffuséiert.

    Dësen Donneschdeg, owes um 8 Auer - och um radio 100,7

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen