Riicht Eraus: Éischte Weltkrich
Den 28. Juni 1914 goufen den éisterräicheschen Trounsuccesseur Franz Ferdinand a seng Fra zu Sarajevo vun engem serbeschen Nationalist ermord. Nëmmen e puer Woche méi spéit ass an Europa den Éischte Weltkrich ausgebrach. Lëtzebuerg huet nach haut een ambivalent Verhältnis zu deem Krich, sou déi zwee Historiker Benoît Majerus a Charel Roemer de Mëtten an eiser Emissioun Riicht Eraus. Déi Ambivalenz kéint och erkläre firwat fir de Centenaire vum Krichsufank dëst Joer keng grouss historesch Ausstellung zum Thema prett ass. D’Ausstellung, déi d’Uni am Optrag vun der CSV-LSAP-Regierung fir de Summer 2015 sollt preparéieren, gouf vun der neier Regierung am Mäerz annuléiert. Ee Schwéierpunkt vun där Ausstellung sollten d’Erfahrunge vun der Bevëlkerung mam däitschen Okkupant sinn. Vu Regierungssäit lafe Beméiunge fir eng Alternativ zur geplangtener Ausstellung ze fannen, rieds goung ënnert anerem vun enger Wanderausstellung an der Groussregioun. Dem Charel Roemer no, géif d'Uni géif sech elo un deenen Iwwerleeunge bedeelegen.
Den éischten Deel vu Riicht Eraus:
Déi zweet Halschent vun der Emissioun:
An der Emissioun héiert Dir och historesch Opnahmen iwwert den Éischte Weltkrich vun den Historiker Christian Calmes a Gilbert Trausch, grad wéi e kuerzen Interview mat der Laëtitia Brasseur-Wild vun den "Archives Départementales du Haut-Rhin" iwwert eng binational Wanderausstellung, déi aktuell am Elsass an a Baden-Württemberg gewise gëtt.