Riicht Eraus: Economesch Inegalitéiten zu Lëtzebuerg

Och wann et zu Lëtzebuerg keng gutt statistesch Donnéeë ginn, fënnt ee kloer Hiweiser datt d’Inegalitéite klammen, an d’Politik muss dorobber reagéieren. Doranner waren den LSAP-Deputéierte Franz Fayot an den OGBL-President Jean-Claude Reding sech de Mëtten an eiser Emissioun “Riicht Eraus” eenz. Eng aner Analys mécht de Jean-Jacques Rommes: de President vum Exekutiv-Comité vun der Patronatsvereenegung UEL huet drop higewisen, datt d’Bevëlkerung am Ganze méi räich ginn ass. An deem Kontext wiere méi staark Inegalitéiten och net onbedéngt negativ ze beuerteelen.

Am Mëttelpunkt vun der Emissioun stoung dem franséischen Economist Thomas Piketty säi Constat, datt d’Inegalitéiten an Europa klammen, ë.a. wéint den niddrege Steieren um Kapital (den 100,7-Interview mam Thomas Piketty fannt Dir hei). De Franz Fayot huet am Sënn vum Piketty senger Analys fir d’Aféiere vun enger Ierfschaftssteier plaidéiert. Dat wier fir d’Finanzplaz e negatiivt Signal, sou d’Warnung vum Jean-Jacques Rommes. De Patronatsvertrieder huet drop higewisen, datt déi Lëtzebuerger Finanzindustrie zum Deel drop ausgeriicht ass, fir “räich Leit ze zervéieren”. De Jean-Claude Reding huet sengersäits drop higewisen, datt Lëtzebuerg forcéiert kéint ginn dësen Dilemma opzeléisen, dat duerch d'Beméiunge fir eng méi staark Steierharmoniséierung an der EU.

Déi éischt Halschent vun der Emissioun:

 

Déi zweet Halschent:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen