Riicht Eraus Claude Meisch an André Bauler

De "projet de loi" iwwert d’Qualitéit vun de Betreiungsstrukturen deen déi deemoleg CSV-Familljeministesch Marie-Josée Jacobs presentéiert hat gëtt net vun der neier Regierung iwwerholl, mee ganz iwwerschratt. Dat sot de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an onser Emissioun "Riicht Eraus". Am Kontext vun der Sproocheproblematik gëtt ënnert anerem dru geduecht fir am 2. Schouljoer fir d’éischt mat “Franséisch-Schwätzen” unzefänken, a nach net mat “Franséisch-Schreiwen”. Donieft sot de Claude Meisch, datt och am Enseignement bei de Fonctionnementskäschte misst gespuert ginn. Woubäi dat awer net op Käschten vun der Pädagogik däerf goen.

Déi ganz Emissioun "Riicht Eraus" kënnt Dir hei nolauschteren. Moderatioun Mick Entringer:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/files/0/5/248006_riicht-eraus.mp3"]

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen