Riicht Eraus: Alex Bodry

Den Alex Bodry schléisst net aus, datt hien nach virun de Gemengewahlen am Oktober 2017 säi Posten als Buergermeeschter vun Diddeleng opgëtt. Dat sot den LSAP-Partei- a Fraktiounschef an eiser Emissioun Riicht Eraus. Wéini genau et souwäit ass, wollt den Alex Bodry net präziséieren:

 

Zum Bilan vun den éischten 100 Deeg vun der DP-LSAP-déi Gréng-Koalitioun, sot den Alex Bodry d’Regierung wier net ugetratt fir an sou kuerzer Zäit iergend eng grouss Reform, mee iwwer 5 Joer eng zolitt Politik ze maachen. Dem LSAP-Partei- a Fraktiounspresident no ass bis elo näischt dramatesch schif gelaf, héchstens wieren et Panne ginn. Den Alex Bodry huet näischt géint d’Hëllef vun der privater Berodungsgesellschaft McKinsey bei der Ausschaffung vun der Budgets-Prozedur, mee politesch Conclusioune sollt nëmmen d’Regierung zéien. Verschidde CSV-Politiker géifen aggressiv optrieden, wéilten eng frontal Oppositioun féieren. D’Politik vum verbrannte Buedem geet awer géint d’Interesse vun der CSV als méigleche Koalitiounspartner no de nächste Chamber-Wahlen an ass schlecht fir d’Land, sou den LSAP-Chef. Den Alex Bodry huet festgestallt, datt de Jean-Claude Juncker net méi fest zu sengen Iwwerzeegunge géif stoen. Als EVP-Spëtzekandidat géif de Juncker de Contraire maache vun deem, wat hie virun de Wahle sot, nämlech Oppositiounsleader an der Chamber sinn.

Datt de Jean-Claude Juncker bei den Europawahlen net op der CSV-Lëscht géif kandidéieren, obwuel e Spëtzekandidat vun der EVP ass, wier onlogesch, sou nach den Alex Bodry: déi Decisioun wäert a sengen Aen am Ausland op Kritik stoussen.

Aner Themen an der Emissioun sinn ë.a. d'Budgetspolitik an d'Conclusiounen aus der Geheimdéngschtaffär.

Déi ganz Emissioun, moderéiert vum Pia Oppel:

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen