Radioen

On air

De Moien  |  D’Eemaischen: hir Geschicht an hiert Symbol

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Riedelen: Net geimpfte Leit besonnesch a Gefor

Gesondheet

Riedelen: Net geimpfte Leit besonnesch a Gefor

D'Riedele sinn eng vun den ustiechendste Krankheeten op der Welt. Virun allem déi Erwuesse si responsabel fir d'Verbreedung vum Virus, seet de Dr. Pierre Weicherding vun der Inspection Sanitaire am 100,7 Interview.

auto_stories

1 min

Bei de Kanner leit den Taux de Vaccinatioun fir déi zwou Dosisse vum Impfstoff, hei zu Lëtzebuerg bei 99 Prozent respektiv 90 Prozent fir déi zweet Impfung. "Praktesch jiddwereen, dee virun 1970 gebuer ass, hat déi Krankheet eng Kéier", sou de Pierre Weicherding.

Déi Persoune wieren dofir e Liewe laang immun géint déi Krankheet. Méi spéit wier d'Impfung ageféiert ginn, mee net jiddweree wier geimpft ginn, an och net jiddwereen hätt déi Krankheet kritt. Genee déi Leit géife riskéieren déi Krankheet elo ze kréien. "All déi Fäll, déi déi lescht Jore bei eis waren, dat waren Erwuessener", sou de Pierre Weicherding. Statistike ginn et keng.

Fir d'Krankheet ganz auszerotten dierft allerdéngs kee méi d'Krankheet hunn, esou de Pierre Weicherding. Dofir missten déi krank Leit awer komplett isoléiert an och geimpft ginn.

Lëtzebuerg géif aktuell awer net iwwer eng Impfflicht nodenken, heescht et aus dem Gesondheetsministère. Dofir géif Sensibiliséierungsaarbecht gemaach ginn. De Ministère bitt Kanner an Erwuessenen den Impfstoff géint Riedelen elo gratis un.