Resultater am Norden

Am Norden ass och ausgezielt.   D’ADR verléiert hire Sëtz, an dee geet un d’LSAP. D’CSV verléiert vun 39,6% op 33,41%, d’DP wënnt vun 18,18% op 23,56%, LSAP stagnéiert bei 17,68% géingeniwwer 17,41% viru 4 Joer, Déi Gréng faale vun 10,78% op 9,18%, d’ADR fällt vun 10,26% op 6,07%, d’Pirate kommen op 43.45% d’PID op 3,34% Prozent, Déi Lénk op 2,51% an d’KPL op 0,79%.

Dass d’LSAP trotz quasi gläichem Resultat e Sëtz gewënnt erklärt sech aus der Reschtsëtzberechnung. Firu 4 Joer haat d’LSAP knapp de Reschtsëtz zegonschte vun der DP verluer. Déi konnt hire Sëtz stabiliséieren, d’ADR huet esouvill verluer, dass d’LSAP hirem Reschtsëtz elo erëm definitiv méi no koum.

Op de Plaze vun de   gewielte sin den Ament  bei der CSV Marco Schank, Martine Hansen, Emile Eicher an Aly Kaes. Bei der DP Charel Goerens an André Bauler, bei der LSAP Romain Schneider a Claude Haagen, bei de Gréngen de Camille Gira.

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen