Radioen

On air

Notturno  |  Jenny Owen Youngs - Avalanche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bauland geet duer fir Logementsproblem an de Grëff ze kréien

Logement

Bauland geet duer fir Logementsproblem an de Grëff ze kréien

D'Reserve vu Bauland bannent de Bauperimeteren ass méi grouss wéi bis ewell geduecht - a si geet duer, fir de Logementsproblem an de Grëff ze kréien. Een Defi bleift déi staark Konzentratioun vum Bauland a privater Hand.

auto_stories

2 min

Den Henri Cox ass Logementsminister. Foto: SIP / Julien Warnand

Méi Baulücken do, wéi bis ewell geduecht - a genuch, fir de Logementsproblem zu Lëtzebuerg an de Grëff ze kréien: dat war ee Message vum Landesplanungsminister Claude Turmes a vum Logementsminister Henri Kox gëschter op enger Pressekonferenz iwwer de Foncier. Een Defi bleift déi staark Konzentratioun vum Bauland a privater Hand: Private Leit a Societéite gehéiere 84 Prozent vun de ronn 3.700 Hektar uechter d'Land, wou Wunnenge kënne gebaut ginn.

Bis ewell wier et net gelongen, privat Terraine verstäerkt ze mobiliséieren, esou de Constat vun den zwee grénge Ministeren. Hëllefe soll an Zukunft ënner anerem eng national Grondsteier op net bebauten Terrainen. Prioritär sollen d'Proprietäre vun de ronn 9.000 Baulücken am Land motivéiert gi fir ze bauen, sot den Henri Kox. Déi Steier soll och landesplaneresche Krittäre Rechnung droen, huet de Logementsminister Henri Kox präziséiert - zum Beispill fir datt ländlech Gemenge manner staark wuessen:

"Do kënne mir dann net déi nämmlecht Taxe drop maachen, mat där selwechter Strof - a mir soe gläichzäiteg aus engem anere Mond: Dir dierft net do bauen. Ech mengen, déi Kohärenz musse mir fäerdeg bréngen, innerhalb vun deem Instrument vun där landeswäiter Grondsteier. Innerhalb vun där Formel, déi mir dann do wäerte fannen."

Et géif een an deenen dräi Ministèren intensiv dru schaffen, an der Hoffnung, et fréizäiteg am nächste Joer ze presentéieren, esou den Henri Kox: "Well ouni dat Instrument, éierlech, komme mir net weider."