Reporter ouni Grenzen : Situatioun vun der Pressefräiheet weltwäit

An der weltwäiter Lëscht vun der Presse-Fräiheet vu “Reporter ouni Grenzen” bleift Lëtzebuerg dëst Joer op der véierter Platz. Op den dräi éischte si Finnland, Holland an Norwegen. Dës Lëscht gouf haut presentéiert.

Wéinst hirer Positioun vis-à-vis vu Whistloblowere sinn d’USA an der Lëscht op d’Platz 46 gefall: dat ass ee Minus vun 13 Platzen. Déi Vereenegt Staate leien lo hannert Staate wéi El Salvador a Rumänien.

Zur Situatioun vun der Pressefräiheet, den Direkter vu “Reporter ouni Grenzen” Däitschland, Christian Mihr am 100,7-Interview.

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen