Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ReLong-Covid: Wa Long-Covid-Patient:inne sech nach eng Kéier ustiechen

International Etüd

ReLong-Covid: Wa Long-Covid-Patient:inne sech nach eng Kéier ustiechen

Wat geschitt mat Long-Covid-Patient:innen, déi sech nach eemol ustiechen? Där Fro geet ënner anerem d'Rehaklink vum CHNP no. An enger internationaler Etüd, déi sech "ReLong-Covid" nennt, wëllt een erausfannen, ob d'Symptomer vu Long-Covid-Patient:innen duerch déi nei Etüd méi, oder awer manner schlëmm ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Bis elo gëtt et just eng änlech Etüd, déi an Däitschland gemaach gouf: do hunn allerdéngs net vill Leit matgemaach, seet de Psycholog Charles Benoy, deen déi nei Etüd "ReLong-Covid" leet.

Éischt Resultater hätte gewisen, datt den Zoustand vu Leit, déi ënner Long-Covid leiden a sech nach eng Kéier infizéiert hunn, sech verschlechtert.

Etüd sicht nach Participanten

Mee dat ass net ëmmer esou, och de Géigendeel kann de Fall sinn: eenzel Leit wier et op eemol besser gaangen, nodeems se sech nach eng Kéier infizéiert hunn, seet de Charles Benoy. Symptomer, déi dës Patient:inne laang haten, waren op eemol verschwonnen. Definitiv Schlëss kéint een nach net zéien, dofir wier déi Etüd "ReLong-Covid" lancéiert ginn, seet de Psycholog.

Et ginn de Moment nach Leit gesicht fir bei där Etüd matzemaachen: Leit, déi momentan mat Long-Covid diagnostizéiert goufen oder méi wéi dräi Méint laang schonn deementspriechend Symptomer hunn, seet de Charles Benoy. Virop wier dat Middegkeet, Konzentratiounsproblemer oder Gediechtnesproblemer.

Den Alter ass hei egal, seet de Psycholog Charles Benoy: Och Kanner kéinte vu Long-Covid betraff sinn. Dat wier dann zwar seelen, dofir wieren et da "ganz sevère Long-Covid-Symptomer".

Zu Lëtzebuerg ginn aktuell eng 900 Patient:inne wéinst Long-Covid behandelt, d'Donkelziffer wier awer sécher méi héich, mengt de Charles Benoy. An der Moyenne géif ee Prozent vun den Infizéierte Long-Covid-Symptomer entwéckelen.

"Dat heescht awer nach net, datt déi alleguer beträchtlech leiden. Et muss een awer och soen, datt d'Zuelen héich sinn - och zu Lëtzebuerg ginn et vill Leit, déi leiden, an déi massiv an hirem Alldag beanträchtegt sinn."

International Fuerschung

Nieft Studien iwwer spezifesch Long-Covid-Patient:inne ginn et an den USA schonn eng Rei gréisser Studien iwwer méi eng allgemeng Reinfektiun mat Covid19. An do géifen éischt Indikatiounen an eng alarmant Richtung weisen. seet de Charles Benoy.

"Do ginn et grouss Etüden, déi methodesch gutt gemaach sinn, an déi weisen, datt Leit déi sech 1,2,3 mol infizéiert hunn, mat all Reinfektioun geet de Risiko fir Laangzäitfolgen erop."

Elo wier et wichteg déi nei Resultater am A ze behalen a sech weider ze schützen, esou de Psycholog a Leeder vun der Studie Charles Benoy.