Radioen

On air

Tockcity  |  Joy Orbison - Flight FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Coronavirus: Ausseruerdentleche Regierungsrot den Owend

Hausse vun Neiinfektiounen

Coronavirus: Ausseruerdentleche Regierungsrot den Owend

D'selwecht wéi an den Nopeschlänner klëmmt och zu Lëtzebuerg d'Zuel vun de confirméierten Neiinfektiounen. De Premier Xavier Bettel (DP) huet fir den Owend zu Senneng en ausseruerdentleche Regierungsrot aberuff.

auto_stories

2 min

No der Reunioun ass eng Pressekonferenz vum Premier Xavier Bettel (DP) an der Gesondheetsministerin Paulette Lenert (LSAP). Dat gouf gëschter Owend vum Staatsministère matgedeelt.

Hausse vun den Neiinfektiounen

Den Taux d'incidence vun den Neiinfektioune pro Woch a pro 100.000 Awunner ass bannent enger Woch vun 100 op 164 geklommen. Den Taux d'incidence läit elo bal sou héich wéi um Héichpunkt Enn Mäerz. Deemools gouf awer fënnef mol manner getest wéi haut.

De Positivitéitstaux (Moyenne op siwen Deeg) ass op 2,4 Prozent geklommen - den héchste Wäert zanter Abrëll, mee nach däitlech ënner de Spëtzewäerter vun Enn Mäerz.

Um Donneschdeg goufen et bei de Residenten 227 positiv Tester. Dat sinn der souvill wéi nach ni zanter dem Ufank vun der sanitärer Kris.

De Bléck op d'Groussregioun

Och an den Nopeschlänner klëmmt den Taux d'incidence. D'Belsch ass am Meeschte betraff mat 364 Neiinfektioune pro Woch a pro 100.000 Awunner, Däitschland läit mat engem Taux vu 37 wäit drënner.

Altersmoyenne soll liicht klammen

D'Altersmoyenne vun de Leit, bei deenen de Virus nogewise gëtt, hätt dës Woch ugefaange mat klammen, hat d'Gesondheetsministerin de Mëttwoch virun der Press gesot. Zwou gutt informéiert Sourcen hunn eis deen Trend gëschter nach emol confirméiert.

Well d'Altersmoyenne an de leschte Wochen niddereg war, si bis elo nach net vill Patienten op der Intensivstatioun, esou Experten. Wéinst Covid-19 sinn den Ament nëmme véier Intensivbetter beluecht.