Déi béid LSAP-Ministeren Dan Kersch a Romain Schneider wäerte geschwënn aus der Regierung demissionéieren, haten haut souwuel RTL wéi d'Lëtzebuerger Wort gemellt: de Georges Engel an de Claude Haagen sollen déi nei LSAP-Ministere ginn.
RTL hat gemellt den Dan Kersch géif an d'Chamber wiesselen an de Romain Schneider an déi politesch Pensioun goen. D'Paulette Lenert soll neie Vizepremier ginn.
Nach net bekannt ass, wien neien LSAP-Fraktiounschef gëtt, als Nofollger vum Georges Engel, a wien neie Buergermeeschter vun Dikrech als Nofollger vum Claude Haagen.