Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg wäert NATO-Zil bei Militärausgaben net erfëllen

Analys vum Effort de défense

Lëtzebuerg wäert NATO-Zil bei Militärausgaben net erfëllen

Lëtzebuerg plangt net seng Ausgabe fir d'Verdeedegung op zwee Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung eropzeschrauwen. "Mir géifen d'Suen aus der Fënster erausgeheien", seet de Minister François Bausch. Mee d'Ausgabe fir d'Défense klammen awer.

auto_stories

1 min

De Verdeedegungsminister François Bausch. Foto: Archiv.

Lëtzebuerg plangt net seng Ausgabe fir d'Verdeedegung op zwee Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung erop ze schrauwen.

E Méindeg ass d'Analys vum Lëtzebuerger Effort de Defense presentéiert ginn. De Verdeedegungsminister François Bausch huet do gesot: "Mir wäerten, kënnen a wëllen net dohinner kommen"

Dëst Joer leien d'Verdeedegungs-Ausgabe bei 464 Milliounen Euro oder 0,6 Prozent vum PIB. Géif dat sougenannten NATO-Zil vun 2 Prozent vum PIB erreecht ginn, da misst de Lëtzebuerger Defense-Budget op 1,7 Milliarden Euro klammen: dëst wiere 7,5 Prozent vun den Ausgaben am Staatsbudget. De Verdeedegungsminister seet:

"Dat unzestriewen ass net nëmmen net realistesch, mee et wier och komplett donieft. Mir géifen d'Suen reegelrecht aus der Fënster erausgeheien. Do sinn ech radikal dogéint. Och denkt d'Regierung net drun, dat ze maachen. Zurecht géif d'Bevëlkerung soen: 'Hunn déi se nach all'."

Mee den Effort de Defense klëmmt awer: De Lëtzebuerger Jores-Budget fir d'Defense am Joer 2024 soll bei 0,72 Prozent vum PIB leien. 2021 louch de Prozentsaz bei 0,57 Prozent.