Radioen

On air

De Moien  |  Lucy Rose - Over When It's Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reformpläng sollen nach virum Summer virgestallt ginn

Filmfong

Reformpläng sollen nach virum Summer virgestallt ginn

Datt d'Gesetz iwwer de Filmfong soll nogebessert ginn, ass kee Scoop. Dat hat de Medieminister Xavier Bettel schonn Enn November an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro duerchblécke gelooss. E Méindeg huet hie sech an der Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber dozou engagéiert, seng Reformpläng nach virum Summer virzestellen.

auto_stories

3 min

D'Gesetz iwwer de Filmfong gëtt iwwerschafft. Foto: Bigstock / nisara.

Lauschterenplay_arrow


D'Polemik ëm de Filmfong - a speziell ëm säin Direkter - war am Hierscht zejoert opgrond vun engem Rapport vun de Cour des Comptes opkomm. E Rapport, deen eng Rei Froen, awer keng Illegalitéiten opgeworf huet. Mee datt Adaptatiounen um Gesetz kéimen, war séier kloer. Just: a wéi eng Richtung déi Adaptatioune ginn, dozou wollt de Xavier Bettel bis elo nach net vill soen.

Nobesserunge gi mam Secteur beschwat

D'Kulturministesch Sam Tanson, déi sech d'Tutelle iwwer de Fong mam Medieminister deelt, huet déi Aarbechten erkläert, déi am Moment nach amgaange sinn:

"Dat ass natierlech déi Richtung, wou d'Cour des Comptes eis Propose gemaach huet, a wou och den Audit vun 2018 scho Propose gemaach hat. Déi och schonn an der Praxis ëmgesat goufen. Et ass awer gewaart ginn op de Rapport vun der Cour des Comptes, fir ze kucken op wéi engem Niveau muss legal nogebessert ginn."

D'Nobesserunge wëll de Medieminister elo nach mam Secteur beschwätzen.

Reglement d'ordre intrérieur wäert kommen

Eng Limitatioun vun de Kompetenzen a vum Pouvoire vum Filmfong-Direkter gehéiert wuel net zu deem, wat am Gesetz wäert virgesi ginn. Mee e Reglement d'ordre intérieur wäert kommen, fir méi Transparenz ze bréngen, esou de Xavier Bettel:

"Et si verschidde Praktiken, déi net illegal waren, mee déi net opportun waren: Déi musse gekläert ginn, dat ass am Interêt vu jidderengem."

Dat neit Filmfong-Gesetz wäert dann och definéieren, wat an d'Reglement stoe komme muss.

Reaktiounen

Den LSAP-Deputéierte Dan Kersch, de Rapporter an dësem Dossier, huet sech zefridde gewise mat den Iddie vum Medieminister Bettel an der Kulturministesch Tanson:

"Déi Iddie decke sech bal zu 100 Prozent mat deem, wat och d'Deputéiert an der Budgetskontrollkommissioun schonn opgrond vun den Diskussioune festgehalen haten. Dat erfreet eis engersäits, mee mir hätten natierlech och elo gär, datt et virugeet. An dofir huet et eis och gefreet, datt de Medieminister an d'Kulturministesch sech vis-à-vis vun der Kommissioun engagéiert hunn, fir nach virun der Summervakanz e Gesetzprojet ze presentéieren."

Konkret Texter sinn den Deputéierten nach keng virgeluecht ginn, dat soll awer nach virum Summer geschéien. D'CSV-Deputéiert Diane Adehm, déi déi parlamentaresch Budgetskontroll-Kommissioun presidéiert seet, datt een am Summer misst kucken "ob dat, wat si an hirem Gesetzprojet virgesinn hunn, och Rechnung dréit wat mir de Mëtteg alles montéiert hunn."

Gekläert gi muss och nach déi Comptabilitéit-technesch Fro, déi de Pirat Sven Clement opgeworf huet. De Rechnungshaff a de Réviseur vum Fong kommen do op engem Punkt zu ënnerschiddleche Resultater. D'Regierung konnt dat e Méindeg net opklären, mee wäert d'Explikatioun schrëftlech noreechen.