Radioen

On air

De Moien  |  Dusty Springfield - Spooky

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reform vun de Gemengefinanzen

Gemengepolitik

Reform vun de Gemengefinanzen

D'Reform vun de Gemengefinanze kéint ufanks Dezember an der Chamber ofgestëmmt ginn. Dovunner geet den LSAP-Deputéierte Claude Haagen aus, deen zum Rapporter vum Gesetz ernannt gouf. D'Reform huet d'Zil, d’Ëmverdeelung vun de Gelder esou ze gestalten, datt d’Ënnerscheeder tëscht de Gemenge reduzéiert ginn.

auto_stories

5 min

Gemeng Lëtzebuerg

D'Reform vun de Gemengefinanze kënnt. Verschidde Gemenge si frou, well si da méi Recetten erakréien. Anerer sinn net zefridden, well si laangfristeg Sue verléieren.

Bannent dem Gemengesyndikat Syvicol gouf et Kritik an eng kontrovers Diskussioun iwwert de Gesetzprojet. Och de Staatsrot huet a sengem Avis eng Rei kritesch Remarquë gemaach - ënnert anerem vermësst een d'Méiglechkeet, fir e Verglach ze maachen, tëscht dem aktuelle System an dem Impakt op d'Gemengefinanzen no der Reform. E puer Bemierkunge vum Conseil d'Etat géif hien deelen, esou dozou Inneminister Dan Kersch. Bei anere géif ee mierken, "datt de Staatsrot a senger Beuerteelung net méi up to date ass, wéi déi verschidde Kritären, déi mir bis haut haten, an der Praxis gewierkt hunn." Kritären, déi virun 30 Joer net falsch gewiescht wieren, hätten nämlech duerch d'Entwécklung vum Land zu ongerechte Verdeelungsmechanisme gefouert, gëtt den Dan Kersch ze bedenken.

De Syvicol betount, de Gemengesyndikat hätt een Zougang zu de Rechemodeller gefuerdert. En hätt awer just e Verglach mat den Zuele vun 2015 gesinn. Ma elo géifen awer schonn d'Zuele vun 2017 virleien, ënnersträicht de President vum Syvicol an CSV-Deputé-Maire Emile Eicher - an déi hätt ee gefrot, "fir kënnen e Verglach ze maachen tëschent deem wat elo fir 2017 mat der Reform soll sinn, an deem, wat komm wier, wa keng Ännerung komm wier." Nëmmen esou kéint ee gesinn, ob den neie System stabil wier.

Manner Gewerbesteier

D’Reform vun de Gemengefinanzen huet d'Zil, d’Ëmverdeelung vun de Gelder esou ze gestalten, datt d’Ënnerscheeder, déi et tëscht de Gemenge gëtt, minimiséiert ginn. Mat där Reform gëtt de Fonds de dotation globale des communes geschaaft. An dee Fong kommen d'Recetten vun der Gewerbesteier a vum - nach aktuelle - Fonds communal de dotation financière. Minus den Undeel vun der Gewerbesteier, deen d'Gemengen dierfe behalen.

Bis elo konnten d'Gemengen 58 Prozent vun der Gewerbesteier encaisséieren. An der Reform vun de Gemengefinanzen sinn et nach maximal 35 Prozent. Domat geet den Incitatif, fir Betriber unzezéien, erof: Dat huet ënnert anerem d'Chambre de commerce an hirem Avis kritiséiert. Mee och den Staatsrot mécht sech Gedanken doriwwer. Den DP Deputéierten Max Hahn betount awer, et wieren aner Mesurë virgesinn, déi d'Betriber géifen unzéien. Hien argumentéiert, d'Gewerbesteier géif jo awer bestoe bleiwen, och wa si e bësse méi déif wier. D'Erofsetze wier nëmmen eng Mesure vu sechs, déi fir méi Gerechtegkeet tëscht de Gemenge soll suergen.

Flächegrouss Gemenge benodeelegt?

Bei der Ëmverdeelung vun de Gelder, déi an de Fonds de dotation globale des communes fléissen, ginn et nei sozio-ekonomesch Kritären. D'Unzuel un Awunner ass d'Haaptelement, donieft gëtt den Emploi, déi sozio-ekonomesch Situatioun, an d'Unzuel u Sozialwunnengen gekuckt.

E fënnefte Kritär betrëfft d'Dicht, dat heescht, wéi vill Leit pro Quadratmeter an der Gemeng liewen. Fir Gemengen, déi wéineg besidelt sinn, kéint et zu Abousse kommen. Dat denoncéiert d’Deputéiert Martine Hansen vun der CSV-Norden. Si kritiséiert, datt nëmmen d'Densitéit géif gekuckt ginn, "an de Faktor Fläch, dee gëtt net nëmmen erausgeholl, mee nach negativ bewäert." Gemenge wéi Wëntger oder Wäisswampech géifen esou bis zu 20 Prozent vun hire Gesamteinnahme verléieren.

Kompenséierungsmesuren

Well verschidde Gemenge riskéiere bei der Reform vun de Gemengefinanzen ze verléieren, huet den Inneminister am Accord mat der Regierung Kompenséierungsmoossname virgesinn. Den Dan Kersch schléit fir, datt all Gemeng d'Garantie kritt, datt si op d'mannst esouvill Recettë kritt, wéi 2015. Fir dat z’erreechen, goufe ronn 90 Millioune vum Staat deblockéiert.

Dat geet awer an den Ae vun der Martine Hansen net duer. Aus dem Gesetz géif net kloer ervirgoen, wéi laang dës Mesure géif bäibehale ginn, kritiséiert d'CSV Deputéiert. Iwwerdeems géifen d'Depensë vun de Gemenge klammen. "Och wann d'Kompensatiounsmesurë bäibehale ginn, dann dierften déi concernéiert Gemengen sech net méi weider entwéckelen."

Berechtegt Kritik?

Eng weider Problematik, fir déi méi ländlech Gemengen ass d'Berechnung vun der Contributioun un de Fonds pour l'emploi. Déi ländlech Gemengen aus dem Norde bezuele pro Kapp e puer honnert Euro. Südgemengen, déi dicht besidelt sinn, bezuelen honnert mol manner. Den Inneminister Dan Kersch léisst dee Kritikpunkt net gëllen. Déi concernéiert Gemengen hätte kee reelle Verloscht, well d'Regierung decidéiert hätt, "datt jidderee kompenséiert gëtt, op den Niveau vun 2015."

Ma verschidde Vertrieder vum Syvicol géifen déi Mesure awer benotzen, fir d'Reform als Ganzes a Fro ze stellen. "An ech betounen, déi eenzel Vertrieder, well et si bei wäitem net alleguer." Den Inneminister freet sech, wéi de Syvicol d'Kritik par rapport zu der Majoritéit vun de Gemengen am Süde wéilt argumentéieren, déi déi grouss Gewënner vun der Reform wieren.

Méi Gerechtegkeet

Rapporter vum Gesetz ass den LSAP-Deputé-Maire Claude Haagen. Fir hien ass et eng Reform, déi net onbedéngt d’Previsibilitéit vun de Recetten erméiglecht. Dëst, well dat vun der Konjunktur ofhänkt. Allerdéngs géif ee mat där Reform méi a Richtung Gerechtegkeet tëscht de Gemenge goen. Eng 100 prozenteg Gerechtegkeet z'erreechen, dat wier awer illusoresch.

Iwwert eng Circulaire wëllt den Inneminister all d'Gemengen doriwwer informéieren, wéi de Budget opgestallt gëtt. D'Reform trëtt den éischte Januar d'nächst Joer a Kraaft.