Radioen

On air

Notturno  |  Sean Nicholas Savage - Propaganda

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reform vum Kannergeld net op den éischte Januar a Kraaft

Familljepolitik

Reform vum Kannergeld net op den éischte Januar a Kraaft

auto_stories

2 min

© dolgachov/Bigstock

Anescht wéi geplangt kann d'Reform vum Kannergeld wahrscheinlech net matzäite gestëmmt gi fir kënnen den éischte Januar a Kraaft ze trieden. Dofir feelt den Avis vum Staatsrot, sot eis d'Familljeministesch Corinne Cahen op Nofro hinn, nodeems den CSV-Deputéierten a Parteipresident Marc Spautz de Moie virun der Press dovu geschwat hat. Wéini dat neit Gesetz ka gestëmmt gi wéisst si net. Et wier awer kee Problem wann déi nei Reegelen am Laf vum Steierjoer géifen a Kraaft trieden, sou d'Corinne Cahen.

Iwwerdeems kritiséiert d'CSV-Fraktioun déi geplangte Reform vum Kannergeld. Virun allem gëtt bedauert, datt de Projet onofhängeg vun anere Mesure wéi dem neie Congé parental, der Gratis-Kannerbetreiung a virun allem der geplangter Steierreform opgestallt ginn ass. Zesumme mat der Steierreform hätt een déi sozial Selektivitéit kënne spille loosse fir iwwert dee Wee Suen ze spueren, sou de Marc Spautz. Anescht wéi d'Regierung ass déi gréissten Oppositiounsfraktioun der Meenung, datt een net fir all Kand dee selwechte Montant kéint ausbezuelen. Vun dräi Kanner u wier den Opwand fir d'Famillje méi grouss.