Reform Nationalitéitegesetz: méi Flexibilitéit fir Sproochekenntnisser am Lëtzebuergeschen

“Mier mengen datt et méi richteg wier d’Kritäre vun der Residenzdauer a vun de Sproochekenntnisser am Lëtzebuergeschen méi flexibel matenaner ze verbannen. D’Regierung probéiert d’Gesetz méi gerecht ze maachen a méi no un d’lëtzebuerger Realitéit ze bréngen”, esou de Justizminister Félix Braz am 100,7 Interview.

D’Philosophie wier déi, datt ee vun engem Bierger dee scho méi laang am Grand-Duché lieft, manner Sproochekenntnisser verlaangt, wéi engem Bierger dee méi rezent an d’Land erakoum.

D’Praxis huet nämlech gewisen datt vill Persounen déi scho ganz laang am Land liewen déi sproochlech Exigenzen net paken. Bierger mat manner schouleschem Background an déi di aus Südeuropa kommen hu manner Chancen am Sproochen Test duerchzekommen, ewéi Persounen aus Nordeuropa.

De Bäitrag mam Carole Schimmer

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen