Reform Geheimdéngschtgesetz

Vu dass de Jean-Claude Juncker aktuell net bereet ass, d’CSV an der Geheimdéngschtkontrollkommissioun ze vertrieden, soll d’Geheimdéngschtgesetz op deem Punkt méiglechst séier geännert ginn. D’Chamber-Institutiounekommissioun huet Ugangs Dezember e Bréif un de Staatsrot adresséiert, fir dass den entspriechende Passage aus enger Gesetzespropositioun nach am Januar eenzel aviséiert gëtt. D’Kommissiounsmembere wieren der Meenung gewiescht, dass dee Passage eng besonnesch Urgence hätt, sou den CSV-Députéierte Paul-Henri Meyers:

 

Déi entspriechend Gesetzespropositioun gouf de 5. Dezember vun der Chamber als recevabel erkläert. Den Text war awer schonn am Juli vun alleguerten de Parteien an der Chamber deposéiert ginn, an ass deemno keng “Lex Juncker”, sou d'Fraktiounschefin vun déi Gréng Viviane Loschetter:

 

An där Gesetzespropositioun ginn dann och nei Reegele festgeluecht, doriwwer wéi d’Kontrollkommissioun an den zoustännege Minister iwwer Dysfunktionnementer am Geheimdéngscht mussen informéiert ginn. Et sinn och Strofe virgesinn, am Fall wou dat net geschitt. Firwat ginn des Changementer elo scho gemaach, amplaz op déi geplangte komplett Reform vum Geheimdéngschtgesetz ze waarden? Nach emol de Paul-Henri Meyers (CSV):

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen