Radioen

On air

Notturno  |  Califone - Ox-Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reegele fir den Tourismus-Secteur

Corona-Kris

Reegele fir den Tourismus-Secteur

D'Recommandatioun vun der Europäescher Kommissioun, d'Grenzen progressiv opzemaachen, si schwiereg fir de Lëtzebuerger Tourismus-Secteur, seet den Tourismus-Minister Lex Delles.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Danièle Weber lauschteren


Am 100,7-Interview reagéiert hien op d'Richtlinnen, déi Bréissel déi lescht Woch fir den Tourismus-Secteur presentéiert huet. D'Regierung consideréiert déi recommandéiert Mesurë beim Plang, deen den Ament an Zesummenaarbecht mat der Horesca ausgeschafft gëtt.

Keng allgemeng Recommandatiounen

De Ministère leet awer zum Beispill kee Maximum fir d'Zuel vun de Gäscht fest, dat misst vu Betrib zu Betrib gekuckt ginn, seet de Lex Delles. An engem Hotel wier dat ganz anescht fir d'Distanzen anzehalen, mee och hei misst dat agehale ginn. "Ech mengen net, datt een do generell Recommandatioune ka ginn", seet den Tourismus-Minister.

D'EU recommandéiert d'Iddi vu Buffeten, zum Beispill fir de Kaffi moies, a Corona-Zäiten z'iwwerdenken. Effektiv wier et hei méi schwéier Distanz ze halen, seet den Tourismus-Minister. Mee och hei kënnt keng Virschrëft vun der Regierung, well et schonn d'Obligation légale vum Social distancing géif ginn.

Keng Maskeflicht

Eng allgemeng Obligatioun fir ee Mask unzedinn, wäert och net kommen. Och hei misst ee vu Fall zu Fall kucken, seet de Lex Delles.

"D'Reegel zu Lëtzebuerg ass ganz kloer: zwee Meter Distanz, wann een déi net anhale kann, muss de Port du masque sinn. Deen, deen de Service mécht, huet d'Obligatioun, de Mask ze hunn."

Doriwwer, wat geschitt, wann ee Fall vu Corona an engem Betrib opdaucht, ass ee sech nach net eens, seet de Lex Delles, et géif och keng Recommandatioun heizou ginn.

Ginn d'Grenze fir Touristen op?

Verhandelt Lëtzebuerg mat anere Länner doriwwer, géigesäiteg d'Grenze fir Touristen opzemaachen?

Den Ausseministère krut den Optrag, op europäeschem Niveau Diskussiounen ze féieren, seet de Lex Delles. Perséinlech géif hie fir oppe Grenzen an net fir bilateral Léisunge plädéieren, déi fënnt hie "perséinlech net glécklech".