Radioen

On air

Tockcity  |  The Mysterines - Stray

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Réckzuch vu Fage: D'Ëmweltministerin ass "erliichtert"

Wirtschaft

Réckzuch vu Fage: D'Ëmweltministerin ass "erliichtert"

D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg seet si wier iwwerrascht, datt de Jogurtsproduzent Fage decidéiert huet awer keng Fabrick zu Beetebuerg ze bauen. Duerch de Réckzuch vum Projet géif nämlech verhënnert ginn, datt et wéinst dem héije Waasserverbrauch vun der Fabrick an Zukunft zu Problemer kënnt. Dat géif si "erliichteren", esou d'Ëmweltministerin. D'Ressourcëknappheet wier nämlech eng vun de grousse Suergen, déi an den nächste Joren op d'Land zoukënnt.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Wann Entreprisë sech wëllen zu Lëtzebuerg nidderloossen, da soll an Zukunft am Viraus gepréift ginn op hire Projet nohalteg ass. Dat sot d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg de Moien hei op der Antenn, nodeems de Jugurtsproduzent Fage den Dënschdeg iwwerraschend matgedeelt hat, datt en awer keng Jugurtsfabrick zu Beetebuerg wäert bauen.

De Projet vu Fage géif nach zu enger "aler Generatioun" gehéieren a wier dofir net am Viraus op seng Nohaltegkeet gepréift ginn, esou d'Carole Dieschbourg. Fir datt dat net méi virkënnt, wéilt d'Regierung elo e spezielle Gremium schafen, deen d'Nohaltegkeet vu Projeten am Viraus iwwerpréift.

An Zukunft en Nohaltegkeetscheck um Ufank vun der Prozedur

D'Carole Dieschbourg plädéiert fir en "Nohaltegkeetscheck", deen ee ganz um Ufank vun der Prozedur géif duerchféieren. Maassgebend soll d'Anhale vun de Klimaziler sinn, zu deene sech Lëtzebuerg international verflicht huet. Et soll ënner anerem analyséiert ginn, wéi vill CO2-Emissiounen de Betrib géif verursaachen, wéi eng Repercussiounen d'Aktivitéite vun der Entreprise op d'Loftqualitéit hunn, genee wéi de Buedem- a Ressourcëverbrauch.

"Do gëtt et eng Aberzuel u Krittären, wou mer jo och Legislatioun hunn. A wa mer mierken, datt e Betrib eis géif a Gefor bréngen, datt mer eis eegen Ziler, déi mer eis als Regierung gemeinsam ginn hunn, net méi kéinten anhalen. Datt een da vun Ufank un e Requerant dorop opmierksam mécht."

An deem Gremium soll de Wirtschaftsministère vertruede sinn, genee wéi den Aarbechtsministère, d'Landesplanung, d'Mobilitéit an d'Ëmwelt. "Mir mengen einfach, datt dat muss e Grupp sinn, dee wierklech all d'Aspekter vun Ufank u kuckt."

D'Regierung hätt keng Handhab doriwwer gehat, wann de Betrib sech net vum selwen zeréckgezunn hätt. D'Fro, ob Fage schlussendlech eng Autorisatioun kritt hätt, géif sech elo net méi stellen, esou d'Ministerin.