De Filipe Rodrigues mengt, den André Lutgen hätt mat sengem Mail un d'Ministeren Drock op hie gemaach, da kéint d'Justice net onofhängeg schaffen. Den André Lutgen - an de ganze Barreau, deen den André Lutgen iwwregens an engem Disziplinarverfahre wann ee sou wëllt, acquittéiert huet - mengt, wann d'Affekote fir d'Ausübung vun hirem Beruff kéinten e Strofprozess gemaach kréien, da wier hir Onofhängegkeet an domat de Justizsystem a Gefor. An elo si mer an enger Situatioun, wou ee Magistrat, deem aner Partialitéit virgehäit, well e fäert, e wéilt den Affekot net verurteelen. An doriwwer muss lo nach e Magistrat, nämlech de President vum Bezierksgeriicht decidéieren. D'Michèle Sinner mat weideren Erklärungen.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Rechtsstaat a Justice a Gefor?
Prozess
Rechtsstaat a Justice a Gefor?
D'Opreegung war grouss den Donneschdeg an der Cité judiciaire. Dat wéinst dem Prozess géint den Affekot André Lutgen wéinst Outrage an Intimidatioun vun engem Magistrat. An dësem Fall den Untersuchungsriichter Filipe Rodrigues, deen do gëschter d'Recusatioun vum virsetzende Riichter gefrot huet, wéinst Befaangenheet. Lo gesäit jiddereen de Justizsystem an de Rechtsstaat a Gefor.
auto_stories
1 min