Den Europäesche Geriichtshaff war jo de leschten 22. November zur Conclusioun komm, datt déi total Transparenz disproportionéiert an net onbedéngt noutwenneg wier.
Där Meenung ware virdru schonn eng ganz Partie aner Leit hei am Land: den RBE krut am Laf vun der Zäit nämlech méi wéi 2.300 Demandë vun Entreprisen, déi gefrot hu, gewëss Informatiounen iwwer hirer Beneficiairen net méi unzeweisen.
Et goung do ëm d'Donnéeë vu méi wéi 5.000 Persounen, seet den Direkter vum Luxembourg Business Registers, den Yves Gonner am 100,7-Interview. Den RBE huet dobäi awer just Demandë vu Mannerjäreger an onmënneg Erwuessener acceptéiert - all déi aner goufe refuséiert.
Dateschutz oder Transparenz
An dat waren ëmmerhi méi wéi 40 Prozent vun allen Demanden. Si hu sech beruff op den Artikel 15 vum Gesetz iwwer den RBE, dee virgesäit, datt een ënner bestëmmte Viraussetzungen effektiv froe kann, der grousser Ëffentlechkeet gewëss Informatioune vir ze enthalen: nämlech dann, wann een duerch d'Publikatioun vun de perséinlechen Donnéeë fäerte muss, erpresst, harceléiert oder entféiert ze ginn.
Dat nozeweisen ass natierlech net sou einfach, a fir de Regëster am Fong och guer net ze iwwerpréiwen, seet den Yves Gonner:
"An do ware mir eben der Meenung, datt déi Argumentatioun net staark genuch wier, fir kënnen déi Demanden ze acceptéieren."
A 715 Fäll wollten déi ofgewisen Demandeuren dat net hin huelen, si si viru Geriicht gezunn. Nach waarde si all op eng Decisioun.
Indirekt kruten si awer scho Satisfaktioun, an deem Sënn, datt den Accès zum Regëster - op d'mannst virleefeg - staark ageschränkt gouf. Zougang hu just déi, déi en am Kontext Anti-Blanchiment an Terrorismus-Bekämpfung onbedéngt brauchen.