Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir brauche méi Drogekonsumraim"

Drogepolitik

"Mir brauche méi Drogekonsumraim"

Den Drogenhëllefszenter Abrigado gëtt et zanter dem Mäerz 2012 an der aktueller Form op der Route de Thionville zu Bouneweg. Den Abrigado ass eng provisoresch Struktur an a provisoresche Strukture géif sech heefeg d'Fro stellen, ob een nach Suen dran investéiert, oder net. Dat seet de Raoul Schaaf, Direkter vum Comité national de défense sociale. Mat der aktueller Struktur wier een elo awer un der maximaler Belaaschtungsgrenz ukomm.

auto_stories

2 min

Bis elo ass den Abrigado den eenzegen Drogekonsumraum hei am Land. Wann den zweeten Drogekonsumraum zu Esch wéi geplangt am Dezember opgeet, da wäert et keng séier Entlaaschtung fir den Abrigado zu Bouneweg ginn. Mëttelfristeg kéint d'Verhale vun den Drogekonsumente sech awer änneren: Domat rechent de Raoul Schaaf.

De CNDS geréiert den Drogenhëllefszënter Abrigado. Pro Dag kommen an der Moyenne bis zu 250 Clienten an den Zenter zu Bouneweg, seet de Raoul Schaaf. Pläng fir aus dem Abrigado eng definitiv Struktur ze maache géifen et fir de Moment awer keng ginn. Am Abrigado goufen d'lescht Joer bal 400.000 Sprëtze getosch.

Méi efficace Aarbecht duerch méi Zenteren

An der Schäfferots-Erklärung vun DP an CSV vun der Stad Lëtzebuerg steet, datt eng extern Evaluatioun vum Abrigado soll gemaach ginn. D'Zil dovu wier et fir ze kucken, ob d'Offer vum Drogenhëllefszenter nach un dat verännert Konsumverhale vun de Clienten ugepasst ass, seet de Raoul Schaaf. Ufank 2019 soll mat dëser Bewäertung ugefaange ginn.

Dem CNDS-Direkter no missten et hei am Land véier bis fënnef Drogekonsumraim ginn. Duerch weider Drogenhëllefszenteren am Norden, Osten, Süden an duerch een zweeten Zenter am Zentrum, kéint een eng aner Opdeelung vun de Leit erreechen. Doduerch kéint een och anescht mat de Leit schaffen. Bei aktuell 200 bis 250 Passagë pro Dag wier et schwéier, fir nach eng individuell Aarbecht garantéieren ze kënnen.

Méi Personal, nei Sécherheetsmesuren an nei Direktesch

Den Abrigado funktionéiert de Moment mat 36 Leit Personal: dräi weider Mataarbechter sollen deemnächst dobäi kommen: eng Reaktioun op een Hëllefruff un d'Adress vun der Stad Lëtzebuerg, huet de Raoul Schaaf erkläert. Doduerch wäert den Abrigago samschdes a sonndes vill méi laang opbleiwe kënnen, wéi dat aktuell de Fall ass.

Beim Abrigado zu Bouneweg goufe viru Kuerzem Mesuren ëmgesat, fir méi Sécherheet ze garantéieren, seet de CNDS-Direkter Raoul Schaaf. "Et ass eng ganz Zaun-Anlag - géifen déi Däitsch soen - ronderëm opgeriicht ginn, no engem Gespréich, dat mir mat der Stater Gemeng haten, wou mir eis eng Partie Suerge gemaach hunn ëm d'Securitéit vun eise Mataarbechter."

Beim Abrigado huet d'Claudia Allar de virleschte Mount de Patrick Klein als Chargé de Direction ersat: et hätt een dat aarbechtsrechtlecht Verhältnis mam Patrick Klein missten opléisen, esou de CNDS-Direkter. Iwwer d'Grënn dofir wollt de Raoul Schaaf näischt soen.