D'Fapsylux seet, si hätt mëttlerweil e juristeschen Avis virleien, deen zur Conclusioun kënnt, datt d'Mediatioun, déi de Minister proposéiert, "net ganz regulär" wier.
Dat huet den Affekot vum Psychotherapeuteverband dem Claude Haagen mëttlerweil och schrëftlech esou matgedeelt.
Fapsylux fir Verhandlunge bereet
An awer schéngt d'Situatioun net komplett blockéiert. Trotz dem negative juristeschen Avis, erkläert d'Fapsylux-Presidentin nämlech op Nofro hin, et wier ee bereet an eng Mediatioun ze goen.
D'Catherine Richard betount, hir Organisatioun wéilt d'Verhandlunge mat der Gesondheetskeess net ganz blockéieren:
"Et ass ebe fir eis a fir d'Patient:innen, datt et do einfach viru geet, mir wëllen einfach Léisunge fannen. Eng Mediatioun ass ni schlecht, vläicht fanne mer jo Léisungen, et wier jo ze hoffen."
Onkloer, wéini déi éischt Mediatioun soll stattfannen
D'Fapsylux ass deemno elo emol bereet, sech op eng Mediatioun mat der Gesondheetskeess anzeloossen.
Si behält sech awer d'Recht vir d'Mediatiounsprozedur en Cours de route nees ze annuléieren. Esou steet et am Bréif, den den Affekot vun der Fapsylux gëschter un den zoustännege Minister geschéckt huet.
Kontakt mam designéierte Mediateur hätt ee bis elo awer nach net gehat, esou d'Catherine Richard. An dofir ass och nach net kloer, wéini déi éischt Meditatiounsronn soll iwwer d'Bün goen.