Den Affekot hätt a sengem Mail un d'Ministeren an d'Procureure générale d'Etat dem Untersuchungsriichter säi Professionnalismus a Fro gestallt, an dat ënner anerem virun deem senger indirekter Autoritéit, dem deemolege Justizminister Felix Braz. D'Meenungsfräiheet vum Affekot wier net illimitéiert huet de Georges Oswald haut betount an den André Lutgen hätt missten dovun ausgoen, datt den Untersuchungsriichter séier vum Mail un d'Ministere gewuer gëtt. D'Defense huet um Schluss vun der Seance gesot, et géif ee "bei der geréngster Amende" an Appell goen. D'Urteel ass fir den 23. Dezember virgesinn.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Prozess Lutgen: Parquet freet Geldstrof
Justiz
Prozess Lutgen: Parquet freet Geldstrof
Um drëtten a leschte Dag vum Prozess géint de Maître André Lutgen huet de Vertrieder vum Parquet haut eng Geldstrof vun 2.000 Euro fir den Affekot gefrot. Fir de Procureur Georges Oswald ass kloer, datt den André Lutgen den Untersuchungsriichter Filipe Rodriguez intimidéiert a beleidegt huet.
auto_stories
1 min
Foto: Bigstoch / N.Forenza