Radioen

On air

9 bis 1  |  Brittany Howard - Stay High

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Protestpiquet vum LCGB virun der SEO

Demonstratioun

Protestpiquet vum LCGB virun der SEO

Den LCGB werft der Direktioun vun der SEO, der der Société éléctrique de l'Our, Harcèlement moral fir. Si géif d´Personaldelegatioun schikanéieren an de korrekte Sozialdialog ignoréieren, esou den LCGB, deen eegenen Aussoen no majoritär ass. D'Gewerkschaft hat ee Protest Piquet virun der SEO zu Stolzebuerg organiséiert.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Eng ronn 70 Leit hu mat manifestéiert fir op Problemer bei der SEO opmierksam ze maachen. D´SEO bedreift ënner anerem d´Pompelspäicherwierk zu Veianen a gehéiert zu 40 Prozent dem Lëtzebuerger Staat, an zu gläichen Deeler dem däitschen Energiekonzern RWE. D'Direktioun géif hier Mataarbechter systematesch demoraliséieren, esou de Carlo Wagener vum LCGB.

"Et ass eng ganz schlecht Ambiance. D´Leit stinn ënner Drock. D´Leit ginn deelweis zesummegestaucht. Et gëtt Geschichte vun Harcèlement moral. Et gëtt Drock op der Aarbecht, och deelweis mat ënnerbesat. Et gi Leit, déi kréie Congéë refuséiert, Congéen annuléiert, et gi Leit, déi ginn aus dem Congé rëm rausgeruff. Also Arbeitsplanung ass och een Deel vum Problem."

Den LCGB behaapt, d'Mataarbechter géifen iwwerdimensionéiert iwwerwaacht ginn an déi intern Reegele géifen andauernd änneren.

OGBL distanzéiert sech

An de leschten dräi Joer hätten iwwer 30 Mataarbechter d´SEO verlooss, esou de Carlo Wagener, den dorop hiweist, dass och den zoustännege Minister informéiert gi wier:

"Dann hu mir als lescht Initiativ am November nach ee Bréif un de Minister geschriwwen, fir och de Minister an d´Responsabilitéit ze huelen. An och den huet alles relativ banaliséiert wat mir do u Problemer opgedëscht hunn. An dorops hin hu mir du gesot: Ok, dann musse mir mat der Saach un d´Ëffentlechkeet goen, soss kréie mir do guer keng Beweegung an den Dossier do eran."

Iwwerdeems huet sech den OGBL vun dësem Protest Piquet distanzéiert. Op Nofro hin heescht et, et wier net alles sou schlecht, wéi et duergestallt géif ginn. Et misst een an der Diskussioun faktuell bleiwen an et wier haaptsächlech ee Problem tëschent den LCGB Delegéierten an der Direktioun.

D´SEO huet an enger schrëftlecher Stellungnam op de Protest reagéiert. Et hätt een an de leschte Wochen a Méint dacks den Dialog mat der Personaldelegatioun an dem LCGB gesicht a Léisunge proposéiert. Eng rezent Propos vun der SEO, sech den 13. Dezember nach eng Kéier zesummenzesetzen, wier iwwerdeems net beäntwert ginn, heescht et am Communiqué.