Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Black Keys - Beautiful People (Stay High)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Protest-Piquet ronderëm d'Tripartite fir den Aviatiounssecteur

Luxair

Protest-Piquet ronderëm d'Tripartite fir den Aviatiounssecteur

Am Virfeld vun der Luxair Tripartite war de Moien eng grouss Protestaktioun vum Luxair Personal op der Place de l'Europe virum Mobilitéitsministère. OGBL, LCGB an NGL hunn do nach eemol d'Revendicatioune vum Personal widderholl.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Vill Kaméidi a vill Leit, den Appell vun de Gewerkschaften LCGB, OGBL an NGL huet Gehéier fonnt, an dat obwuel nëmmen eng Schicht vum Personal iwwerhaapt konnt present sinn. E puer honnert Leit, den Organisateuren no 800, si vum Glacis iwwer d'rout Bréck bis op d'Place de l'Europe gezunn. Do huet d'Michelle Cloos vum OGBL nach eemol d'Fuerderunge vum Personal widderholl.

"E respektvolle Sozialdialog am Betrib, grad elo. Mat de Gewerkschaften, mat de Personaldelegéierten, mat de Salariéen, grad elo. Direkt an effizient Moossname géint d'Fatigue, besser mënschewierdeg Aarbechtskonditiounen."

LCGB: Respekt virum Personal

D'Personal muss respektéiert ginn an de Sozialdialog endlech nees op d'Schinne gesat ginn, sou de Paulo de Araujo vum LCGB.

"Le LCGB rappelle ici encore une fois, que le personnel est la ressource la plus importante de Luxair et le service au client est le seul moyen de se différencier par rapport à la concurrence et au companies dites "low cost". D'Luxair ass säi Personal an d'Personal ass Luxair!"

Fuerderung nom Enn vum Gel op de Salairen

Vum Buedempersonal iwwer de Cargo bis zum Kabinnepersonal an de Piloten war de Moie dat ganzt Luxair-Personal solidaresch. De Frank Reuter ass zënter 32 Joer Pilot bei der Luxair.

Et géif ee sech erhoffen an och erwaarden, datt d'Aarbechtskonditioune sech änneren an datt de Chômage partiel géif ophalen. D'Luxair hätt dëst Joer 16 nei Piloten agestallt, esou datt et kee Grond méi géif gi fir de Regime vum Chômage partiel oprecht ze erhalen.

"Et ass nach ni esou vill geschafft ginn. D'Jongen am Cargo, déi hu sech zënter zwee Joer richteg gefreckt an och si sinn am Gel des salaires. Et ass keng Ursaach méi, datt dat weider geet. Mir sinn net méi - wéi mer 2020 waren - wou keen eppes geschafft huet, ausser déi am Cargo. D'Reprise ass do, mir hu sou vill Cliente wéi nach ni, mir fléie sou vill wéi nach ni. De Gel des salaires muss ophalen."