Projet Stadion op neiem Standuert Kockelscheier: Wäert Terrainen - geplangten Emklasséierung
De Stader Schäfferot rechent domat, datt d’Terraine fir de geplangte Bau vum neie Fussballstadion am Hierscht kënnen ëmklasséiert ginn. An zwee bis dräi Méint soll gewosst sinn, ob dëse Bauprojet um Site tëschent der Cloche d’Or an der Kockelscheier méiglech ass, sou de Stader Schäffe Patrick Goldschmidt op Nofro hin. Ingenieursbüroe solle bis dohinn d’Machbarkeet préifen.
Den neie Standuert war virun enger Woch presentéiert ginn.
D’Stad Lëtzebuerg huet ee Compromis ënnerschriwwe, fir mat engem Privatmann Terrainen ze tauschen. De geplangten Tosch gesäit vir, datt de fréiere Bauer der Stad 2,7 Hektar Stécker a Wisse gëtt, déi direkt nieft dem Stader Contournement leien. Amplaz soll hien een direkt bebaubaren Terrain vun ronn 12 Ar zu Zéisseng kréien.
er Stad Lëtzebuerg no, wieren dës Terrainen equivalent am Wäert sinn.