Projet franséisch-sproochegen RTL 2 gestoppt

D’ALIA huet de Projet fir de geplangte franséisch-sproochege Radiosprogramm vu Saint-Paul Luxembourg a CLT-UFA refuséiert: déi nei onofhängeg Lëtzebuerger Autoritéit fir den audio-visuelle Beräich huet d’Demande vu Mëtt November 2013 fir d’Modifikatioun vum "cahier des charges" vum aktuellen DNR-Programm de 27. Februar verworf. Dat huet d’ALIA gëschter offiziell matgedeelt.

Den neie Radiosender hätt schonn am Februar sollen op den UKW-Frequenze vum DNR lancéiert gi, war de leschten November vun de béide Medienhaiser ugekënnegt ginn.

Elo gouf de Projet vun der "joint venture" RTL a Lëtzebuerger Wort vun der ALIA gestoppt. Eng ganz Rei Argumenter hunn zum Refus vum Projet “RTL 2” gefouert, esou de President vun der ALIA, den Thierry Hoscheit.

De Bäitrag vum Serge Kesseler

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen