Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Projektioun: Bis zu 370 Neiinfektiounen den Dag

Coronavirus

Projektioun: Bis zu 370 Neiinfektiounen den Dag

DTaskforce huet rezent gewarnt, datt d'Zuel un deeglechen Neiinfektiounen an den nächste sechs Wochen zu Lëtzebuerg kéint op 370 klammen. D'Fuerscher hunn der Regierung geroden, d'Bierger méi op d'sanitär Mesuren opmierksam ze maachen oder eventuell nei Mesuren ze decidéieren. Dat geet aus dem Rapport ervir, deen d'Taskforce de leschte Freideg am Virfeld vum ausseruerdentleche Regierungsrot geschriwwen huet, deen e Méindeg den Owend publizéiert gouf

auto_stories

2 min

De Bäitrag lauschterenplay_arrow


Et kéint een dovun ausgoen, datt déi aktuell sanitär Mesuren net effikass genuch sinn, oder d'Leit sech net genuch drun halen, esou d'Covid-19-Taskforce. D'Entwécklung zu Lëtzebuerg hätt e kritesche Stadium erreecht: et wier méiglech, datt d'Epidemie eng Dynamik entwéckelt, déi net méi ze kontrolléiere wier a wéinst där d'Zuel vun de Stierffäll an den eeschte Krankheetsverleef géif eropgoen.

De weidere Verlaf ass onkloer

D'Taskforce stellt awer och fest, datt den Impakt op d'Stierffäll bis elo méi kleng wier wéi wärend der éischter Well Enn Mäerz/Ufank Abrëll. D'Fuerscher féieren dat op zwee Grënn zeréck: Fortschrëtter bei de Behandlungen, an déi méi niddereg Altersstruktur vun den Infizéierte wéi wärend der éischter Well. Et wier schwéier virauszesoen, wéi dat sech weiderentwéckelt.

De Rapport vun der Taskforce ass vum leschte Freideg. De Samschdeg war en ausseruerdentleche Regierungsrot, no deem d'Regierung d'Populatioun opgeruff huet d'sozial Kontakter op e strikte Minimum ze limitéieren. Nei Restriktioune sinn nach keng decidéiert ginn.

Déi zweet Well verleeft anescht wéi déi éischt

Mat den aktualiséierten Zuele vu gëschter Owend confirméiert sech den Trend no uewen: d'lescht Woch goufen et 1.280 positiv Tester - esou vill wéi nach ni an enger Woch zu Lëtzebuerg. Déi vill méi héich Unzuel un Tester nuancéiert dat awer: den Ament ginn am Duerchschnëtt 7.500 Tester den Dag gemaach. Wärend der éischter Well waren et der an der Moyenne 6.000 den Dag manner.

Dofir läit de Positivitéitstaux den Ament e gutt Stéck méi niddereg wéi deemools. Allerdéngs gëtt et en Trend no uewen: D'lescht Woch war all 36. Test positiv. Mëtt September war dat just bei all 61. Test de Fall.

Ënner den Nopeschlänner ass d'Belsch nach ëmmer dat Land mat de meeschten deeglechen Neiinfektiounen. Pro Woch a pro 100.000 Awunner läit d'Belsch bei bal 500 Neiinfektiounen, Frankräich bei 235, Lëtzebuerg bei ronn 190 an Däitschland bei ronn 50.