Radioen

On air

Resonanzen  |  Clarence Cameron White

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Projektioun: Bis zu 1.400 Neiinfektioune den Dag

Corona-Pandemie

Projektioun: Bis zu 1.400 Neiinfektioune den Dag

Ouni ee "gesellschaftlechen Effort" géifen d'Fallzuele bis Mëtt November staark klammen, prognostizéiert d'Covid-19-Task-Force. Da stéing dem Gesondheetssystem am Dezember eng schwéier Kris bevir.

auto_stories

2 min

Bis zu 1.400 Nei-Infektioune pro Dag kéinten erreecht ginn, wa sech um Verhale vun de Leit näischt ännert. Dovunner geet déi wëssenschaftlech Covid-19-Task-Force an hirer neier Analys vun der Pandemie-Entwécklung hei am Land aus. An hirer leschter Analys vum 19. Oktober hat d'Task Force nach mat maximal 370 nei Fäll pro Dag fir Mëtt Dezember gerechent.

Net mat considéréiert goufe bei den aktualiséierte Projektioune déi nei sanitär Restriktiounen, déi d'Regierung annoncéiert huet.

Kris am Gesondheetssystem

An hirer Analys warnt d'Task-Force: Ouni ee strikte Respekt vun den Hygiènesreegelen an eng Reduktioun vun de soziale Kontakter, kéint déi aktuell Situatioun zu enger "schwéierer Kris am Gesondheetssystem" féieren. Dëst besonnesch, wann den Trend vun Infektioune bei eelere Leit géif virugoen. Eng Prognos, mat wéi villen Hospitalisatiounen iwwer déi nächst Wochen ze rechnen ass, liwweren d'WëssenschaftlerInnen net.

De Reproduktiounstaux ass bannent enger Woch vun 1,3 op 1,6 geklommen: Mëttlerweil stécht eng Covid-positiv Persoun an der Moyenne 1,6 aner Leit un.

Epidemie nees ënner Kontroll kréien

D'Verduebelungszäit ass iwwer déi lescht Woche konstant erofgaangen: Mëttlerweil verduebelen déi deeglech Infektiounszuele sech all véier Deeg. Virun enger Woch louch deen Indicateur nach bei 5,5 Deeg. Dëst deit drop, datt de Virus sech den Ament exponentiell ausbreet: D'WëssenschaftlerInne schwätze vun engem "verstäerkt exponentielle Verhalen" - am Géigesaz zu engem lineare Wuesstum kann dëst bannent kuerzer Zäit zu engem ganz staarke Wuesstum vun de Fallzuele féieren.

Datt d'Situatioun de WëssenschaftlerInnen no schonn elo net méi ënner Kontroll ass, geet just indirekt aus der Analys ervir: Hei heescht et, datt de Respekt vun den Hygiènesmesuren essentiell wier, fir "d'Epidemie nees an een Zoustand ze bréngen, deen e ka kontrolléieren."