Problem zu Cattenom confirméiert

D’Atomzentral vu Cattenom ass eng vun deene franséischen Zentralen, an deene Schutz-Gain'e vu Brennstief ze séier raschten. De Service de Radioprotection vum lëtzebuerger Gesondheetsminisère krut dat de Moie vun de franséischen Autoritéite confirméiert. Di franséisch Online-Zeitung Mediapart hat d’läscht Woch gemellt, datt 25 vun 58 franséischen Atomreaktere vun deem Problem betraff sinn. Mediapart bezitt sech op e Rapport vum franséischen Energiekonzern EDF un d’franséisch Iwwerwaachungsautoritéit ASN.

De Moien ass de Patrick Majerus, Responsablen vum "Service de radioprotection" vum Gesondheetsministère, gewuer ginn, datt d’Atomzentral vu Cattenom ënnert déi Problematik fält. De Patrick Majerus um Mikro vum Mick Entringer.

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/cattenom-me.mp3"]

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen