D'Impfdosisse wiere vun der Equipe mobile vum Gesondheetsministère an engem Killwon aus dem Impfzenter um Lampertsbierg bruecht ginn, esou de Serge Legil.
Bei 180 Detenuë wieren 18 Flacone à 10 Dose versprëtzt ginn. De Rescht deen d'Equipe mobile bei sech hat, wier integral zeréck op de Lampertsbierg gaangen an do am Centre de vaccination weiderverimpft ginn.
"Dat heescht et ass net eng Dosis verluer gaangen oder ee geimpft ginn deen net impfberechtegt war, guer näischt."
esou de Serge Legil.
Zu Schraasseg hätte sech ronn 34 Prozent vun den Detenuen impfe gelooss. Den Direkter vun der Prisongsverwaltung präziséiert:
"Do hate mir 210 vun den am ganze 525 Prisonéier déi sech ugemellt haten, an de facto sinn den Dag selwer just 180 komm. Dat heescht zu Schraasseg sinn 30 Leit net komm den Dag selwer, wou e klengen Deel dovun net wollte mam Vaccin (AstraZeneca) geimpft ginn, deen deen Dag zur Verfügung stoung. "
Zu Givenech wieren den 31. Mäerz 30 vu 66 Detenuë geimpft ginn.
De Serge Legil weist sech iwwerrascht, datt d'Impfbereetschaft sou niddreg bei den Detenuë war. Den Ament wieren nach ëmmer eng 10 Prisonéier positiv, wieren awer alleguer asymptomatesch. Dat wier nach ëmmer de selwechte Corona-Cluster wéi am Ufank, verséchert den Direkter vun der Prisongsverwaltung.