Radioen

On air

Notturno  |  Loivós - Mindcage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prisong: Elo am Ganze 6 Covidfäll bekannt

Weider Infektioune mam Coronavirus

Prisong: Elo am Ganze 6 Covidfäll bekannt

Et hu sech bis elo am Ganze sechs Persounen am Prisong selwer mam Coronavirus infizéiert, sou den Direkter vun der Prisongsverwaltung. De Mëttwoch den Owend wier eng Persoun positiv op de Coronavirus getest ginn, déi virdru minimal Symptomer gewisen hätt, sou de Serge Legil op Nofro hin. Doropshi wier de ganze Stack isoléiert a getest ginn. Bäi dräi weideren, vun am Ganzen 30 Detenuen op dem Stack, wier den Test dobäi positiv ausgefall. Wou d'Detenue sech ugestach hunn, wier an de rezente Fäll net nozevollzéien, sou den Direkter vun der Prisongsverwaltung.

auto_stories

1 min

An zéng Deeg géifen elo alleguer d'Leit déi mat den Infizéierten a Kontakt waren, oder déi Angscht hu sech méiglecherweis infizéiert ze hunn, nach eng Kéier getest ginn. Soulaang bleiwen déi Infizéiert och isoléiert.

Mat den zwee Detenuen déi sech viru ronn zwou Wochen am Prisong infizéiert haten, ginn et dann elo genee sechs confirméiert Coronavirus-Infektioune bei Detenuen am Prisong. Rezent Infektioune vum Prisongspersonal schléisst de Serge Legil aus. Den Direkter vun der Prisongsverwaltung schléisst och aus, datt d'Infektiounen op e rezenten Neizougang zeréckzeféiere wier.

Aktuell wier d'Coronastatioun am Prisong mat de sechs Detenue komplett beluecht. Sollt et zu weideren Infektioune kommen, géifen et awer nach Méiglechkeete ginn, fir d'Capacitéite bannent dem Prisong eropzesetzen, sou de Serge Legil.

Den Donneschdeg an de Freideg soll déi komplett Prisongspopulatioun geimpft ginn, ausgeschloss sinn Detenuen déi eng aktiv Infektioun hunn.