Kee prinzipiellen Accord, mee et gi Fortschrëtter am Stolsecteur

Den Aarbechts-Minister, Nicolas Schmit, ass optimistesch, dass e Sozial-Konflikt am Stolsecteur kann evitéiert ginn. Während enger Réunioun mat de Sozialpartner de Moien wär een sech méi no komm, ënnert anerem an der Fro vun de fräien Deeg, esou de Nicolas Schmit op eis Nofro hin. Den OGBL präziséiert, dass anescht wéi mer de Mëtte gemellt haten, et nach ze fréi ass fir vun engem “prinzipiellen Accord” am Stolsecteur ze schwätzen. Et ginn allerdéngs Fortschrëtter bei de Loun-Garantien an och an der Fro vun den Investitiounen an de lëtzebuerger Standuert, esou den OGBL-Gewerkschaftler, Jean-Claude Bernardini. Bei de Syndikater leeft d’Ofstëmmung fir oder géint den Kollektiv-Vertrag, op Basis vun de neie Virschléi weider, esou nach de Jean-Claude Bernardini.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen