Radioen

On air

Kultur um 5  |  Amy Winehouse - Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Prime unique fir de Gesondheetssecteur kéint als Schweigegeld verstane ginn!"

ANIL

"Prime unique fir de Gesondheetssecteur kéint als Schweigegeld verstane ginn!"

Eng Petitioun fuerdert, eng Prime unique fir d'Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur. Dat fir hiren Asaz an der Corona-Kris. D'Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren - d 'ANIL - huet gemëschte Gefiller par Rapport zu där Iddi.

auto_stories

2 min

D'Anne-Marie Hanff ass Presidentin vun der Infirmiersassociatoun ANIL. Foto: Archiv

De ganzen Interview mat der Anne-Marie Hanff lauschterenplay_arrow


"Esou eng Primm ka just eng Drëps op e waarme Stee sinn", seet d'Anne Marie Hanff. D'Presidentin vun der Infirmiersassociatoun ANIL fäert, datt wann e puer honnert Euro ausbezuelt ginn, déi als eng Zort Schweigegeld kéinte gebraucht ginn. Dat nom Motto "Dir huet är Sue jo kritt, elo ass et gutt." E Méindeg soll déi parlamentaresch Petitiounskommissioun sech mat der Petitioun zum Theema befaassen.

"Den Engagement vun den Infirmiere muss sécher wäertgeschätzt ginn", esou d'Anne-Marie Hanff. Si sträicht awer och ervir, datt de Secteur wärend der Corona-Kris ganz einfach säin Job gemaach huet. Et wier een do fir de Leit ze hëllefen. A wann een am Gesondheetssecteur schafft, wéist een, datt een et och mat infektiéise Krankheeten, wéi engem Virus, ze doe kéint kréien.

Op de Secteur lauschteren

Méi wichteg wéi eng Primm fënnt d'Anne-Marie Hanff, datt dem Secteur nogelauschtert gëtt. Datt d'Fuerderungen erfëllt ginn: ënner anerem am Kontext vun der Formatioun.

Belaaschtend fir d'Personal am Alldag wier awer och den administrativen Opwand, deen zouhëlt. D'Fleegedokumentatioun wier net méi do, fir de Fleegeplang fir e Patient opzestellen, erkläert d'Anne-Marie Hanff. Dat wier aktuell méi e Finanzéierungsmëttel.

Op Basis vun der Dokumentatioun gëtt nämlech verrechent. "Dat ass eng Evolutioun, déi schwiereg ass", seet d'Anne Marie Hanff. Et géif virun allem dat dokumentéiert ginn, wat finanzéiert muss ginn. Mee net méi onbedéngt dat, wat wichteg ass.