Radioen

On air

Resonanzen  |  Rhapsody net nëmmen 'in blue'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Primaner am Dilemma

Fräie Mikro

Primaner am Dilemma

Nach zwee Deeg Schoul, dann hu si et gepackt. D'Schoul ass eriwwer, eis Primaner ginn heem a béchse fir d'Examen. Mee si ginn dobäi virun eng ganz haart Decisioun gestallt, fënnt d'Judith Reicherzer, fréier Journalistin, a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.

auto_stories

4 min

D'Judith Reicherzer ass fréier Journalistin a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch. Foto: Archiv

E Méinden an enger Woch fänkt fir ronn 3.500 Jonker de Premièresexamen un. Et gëtt spannend. E puer vun hinne wäerten hänke bleiwen, net wéinst hire Leeschtungen, mee wéinst Corona.

Si wäerten an der Examenszäit positiv getest ginn. Da musse si a Quarantän a kënnen de Rescht vun de Prüfungen eréischt am September maachen. Ze spéit fir am Hierscht nach mat engem Studium unzefänken. Déi meescht Unien huele keng Nachzügler. Wien also Pech huet, bleift nach e Joer doheem.

En Horrorzeenario, deen eis Primaner elo grad immens stresst. Wéinst Covid-19 krute si zwar e puer Zougeständnesser gemaach: de Stoff ass e bësse gekierzt ginn, de Ministère léist si e puer Deeg éischter an den Homeschooling goen, fir datt se sech an der Klass net last minute ustiechen.

An all Schüler, déi am Isolement sinn, well se Kontakt mat enger positiver Persoun haten, wäerten an engem Extrasall de Premièresexame schreiwe kënnen. Mee wann ee positiv getest gëtt, ass et eriwwer. Dann dierf een de Premièresexamen net matschreiwen, och wann ee guer näischt spiert a sech topfit fillt.

Solidaritéit a Responsabilitéit

De Ministère huet fir d'Primaner en extra Stock Schnell-Tester virgesinn, néng Stéck pro Persoun. D'Schüler solle sech selwer doheem kuerz virum Premièresexamen testen, fir keen aneren am Sall unzestiechen. Wann ee positiv ass, soll een doheem bleiwen, seet de Ministère. Et setzt een op d'Solidaritéit an op d'Responsabilitéit vun eise Jonken.

Mee déi zwee Begrëffer sinn entretemps bei ville Schüler ausgereizt. Si waren elo scho 14 Méint laang solidaresch, si wéinst der Bom doheem bliwwen, hu wéinst de vulnerabele Leit keng Frënn gesinn a konnten och de schouleschen Drock op der Première net lass ginn: kee Fräibéier, kee Kleeschen an och keng Freed op Lloret.

Dobäi koum an de leschte Wochen nach e Solidaritéitsproblem. E puer Premièresschüler hunn awer privat gefeiert, sech do mat Covid-19 ugestach, an de Virus an d'Schoul bruecht. D'Klassen hunn dowéinst missen an Isolatioun an haten eng Woch just online Cours.

Bei de Kolleegen ass dëst guer net gutt ukomm. Déi schwaarz Schof goufe béis attackéiert, Frëndschafte sinn zerbrach an d'Philosproffen haten am Cours e ganzt aktuellt Beispill fir hire Sujet "Intérêt commun vs Intérêt individuel" ze erklären. Entretemps ass de Fridden an de Klassen erëm hiergestallt, well et béchst een awer besser am Team.

En Dilemma

Mee elo bréngen déi Schnelltester all Premièresschüler an een Dilemma. Si musse sech tëscht Solidaritéit an eegenem Interessi decidéieren. "Mir maachen eis elo eis Zukunft net futti", soe sech vill vun hinnen. Si hunn dowéinst déi nei Covid-Tester an der Schoul refuséiert. A si wäerten och de Premièresexamen ongetest schreiwen. Vill vun hinne mat engem ganz schlechte Gewëssen, well si déi aner domadder a Gefor bréngen.

Déi al Leit si geimpft, déi vulnerabel Leit och. An och all Erwuessenen, deen den AstraZeneca akzeptéiert, ka sech elo impfe loossen. Eis Primaner net. Si sinn ze jonk fir den AstraZeneca. Si kréie vum Ministère keng Impfung, si kréien en Test. A wann deen zwee Strécher uweist, solle si solidaresch doheem bleiwen an op d'Uni verzichten.

Moralesch ass dat usprochsvoll. Politesch ass et schlecht geplangt. A fir eis Primaner ass et en Dilemma, un deem si ganz schwéier droen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.