Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Modell, just fir Online-Medien?

Pressehëllef

Neie Modell, just fir Online-Medien?

Zu Lëtzebuerg kéint eng zousätzlech Pressehëllef fir Online-Medien agefouert ginn. De Medieministère seet, d’Consultatioune wiere nach amgaang. Verschiddene Medievertrieder no, géing d’Regierung awer doriwwer nodenken, nieft der finanzieller Ënnerstëtzung fir Zeitungen, eng weider Pressehëllef fir Internet-Medien anzeféieren.

Rick Mertens

auto_stories

3 min

D’Regierung wollt am ufanks d’Presse-Hëllëf esou reforméieren, datt kéng zousätzlech Käschten entstinn. En Deel vun der aktueller Hëllef fir d’geschriwwe Presse wier un Online-Publikatioune gaang.

Dem Journalist vun der Woxx-Zeitung Richard Graf no, hätt d’Regierung bei den Diskussioune mat der Presse awer ganz séier verstan, datt dat de Medie-Pluralismus zu Lëtzebuerg éischter zerstéiert hätt. “Well grad déi kléng Medien, an dat ass ganz séier kloer ginn, wiere wahrscheinlech déi éischt Affer gewiescht”, esou de Richard Graf, dee bei den Diskussiounen dobäi ass.

De Mike Koedinger, Chef vu Maison Moderne, ass bei den Diskussiounen net dobäi mee kritt mat wat an de Coulisse geschwat gëtt: “Et geet éischter an d’Richtung fir déi aktuell Presse-Hëllef net ze veränneren an an enger éischter Phas eventuell e Supplément ze maache wat déi digital Medien ugeet”. D’Editiounshaus Maison Moderne kritt am Moment keng Pressehëllef, obwuel et Noriichten um Internet publizéiert, wéi zum Beispill op Paperjam.lu.

“Haut hu mir eng Pressehëllef, déi ausgesäit wéi wann se de Pabeier géing subventionéiere, woubäi zanter Joren d’Medienhaiser am Internet-Beräich investéieren”, esou de Generaldirekter vum Lëtzebuerger Wort am 100,7-Interview. Dem Paul Peckels no, wier et déi allgemeng verdréiglechst Piste fir an der Zukunft d’Pressehëllef opzestocken an dobäi gläichzäiteg déi reng Online-Medien drun ze bedeelegen. D’Presse-Hëllef kéim der Pluralitéit vun der Meenungsbildung zu Lëtzebuerg entgéint.

Eng nei Propose vun der Regierung am Hierscht

De Richard Graf rechent domadder, datt de Medieministère an de nächste Wochen eng nei Propose fir d’Reform vun der Presse-Hëllef op den Dësch leet.

De Journalist bei der Woxx mengt, et wier keng gutt Approche, ouni zousätzlech Käschte wëllen ze reforméieren. “Wann ee méi Haiser wëllt, da muss ee méi Suen dra stiechen an et kann een net d’Mauere vun den Haiser hallef sou déck maache fir duebel souvill ze bauen. Dat ass eng Logik, déi och hei net kéint fonctionnéieren", esou de Richard Graf.

De Bäitrag vum Rick Mertens: