President vum Jugendparlament ofgesat
De President vum Jugendparlament an LSAP-Member Patrick Weymerskirch ass vum Daachverband vun de Jugendorganisatioune CGJL ofgesat, an aus dem Jugendparlament ausgeschloss ginn. Als Ursaach seet am 100,7 Interview de President vun der CGJL Maurice Losch, datt sech de Betraffenen net un d‘Spillregele gehalen hätt. Wat him genee virgeworf gëtt, wollt de Maurice Losch net soen. – De Patrick Weymerskirch, gehait der Jugendkonferenz en “Coup Monté” an eng perséinlech Attack géint hie fir, mam Ziel fir den Afloss vum Jugendparlament wëllen ze bremsen. De Patrick Weymerskirch um Micro vum Mick Entringer:
Fir de President vum Dachverband vun de Jugendorganisatiounen CGJL huet sech de Patrick Weymerskirch net un d'Spillregelen gehalen. De Maurice Losch am 100,7 Interview mam Mick Entringer: