Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.10 an Do Majeur, K330, III. Allegretto - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Presentatioun vum Staatsbudget: Steierreform gëtt vermësst

Staatsbudget 2023

Presentatioun vum Staatsbudget: Steierreform gëtt vermësst

Wéi net anescht ze erwaarde goufen et no der Presentatioun vum Staatsbudget kritesch Stëmme vun der Oppositioun. Virun allem gëtt eng déifgräifend Steierreform vermësst, an dat net nëmmen op Oppositiounssäit.

auto_stories

4 min

Lauschterenplay_arrow


D'Leit géife weiderhi vill ze vill Steiere bezuelen, d'Steierreform, déi d'CSV virgeschloen huet, géif 600 Milliounen Euro kaschten an hätt de Leit duerch d'Inflatiounsberengegung vu der Steiertabell nees Kafkraaft zeréck ginn.

CSV: Keng Äntwert op Suerge vun de Leit

De Gilles Roth bedauert, datt net emol dat zeréckbehale ginn ass: de Budget, deen d'Finanzministesch Yuriko Backes presentéiert huet, wier keng Äntwert op déi aktuell Suerge vun de Leit.

"Et ass e Budget, deen en Defizit vun 2,8 Milliarden Euro huet, nodeems een de Leit wärend fënnef Joer just Suen aus der Täsch gezunn huet, et gëtt keng Steiererliichterungen."

Dëse Problem hätt sech iwwer déi lescht fënnef Joer opgebaut, bedauert de Gilles Roth. "Et ass eng verfeelte Finanzpolitik, et huet ee keen Apel fir den Duuscht op d'Säit geluecht."

déi Lénk: "Mir hunn eis keng Illusioune gemaach"

Och d'Deputéiert vun déi Lénk, d'Nathalie Oberweis vermësst eng Steierreform. Fir si war haut awer net méi ze erwaarden, mee et hätt ee sech och keng Illusioune gemaach, datt eng Steierreform géif kommen. "Dat huet mech elo iwwerhaapt net iwwerrascht."

Et wier zwar gewosst, datt keng Steierreform komme géif, an awer wier een enttäuscht, esou d'Deputéiert vun déi Lénk.

"Ech fannen et scho bal witzeg wa si soen: [d'Steierreform] ass net annuléiert, just reportéiert. Si kënnt net - punkt."

LSAP: Eng Reform an Etappen

D'LSAP war déi Partei, déi mat am häertste fir eng Steierreform a fir méi sozial Gerechtegkeet plädéiert huet. Den LSAP-Fraktiounschef Yves Cruchten gesäit elo eng Reform an Etappen: déi grouss Steierreform géif net matenee kommen, mee "stéckechersweis".

Siwe vun de Steiermesuren, déi d'Finanzministesch ugekënnegt huet, hätte schonn am Programm vun der LSAP gestanen.

"An där Hisiicht si mir frou, mee natierlech feelt eis déi grouss Reform. déi un d'Lounsteier geet. Do mengen ech si mer eis och alleguerten een, datt dat muss kommen."

déi gréng: Steierreform just no hanne verluecht

Och déi gréng hu sech prinzipiell fir eng Steierreform ausgeschwat, fir d'Josée Lorsché wier déi Fro och net vum Dësch, mee just no hanne verluecht: "Et ass keng Ofso", esou déi gréng Fraktiounscheffin.

D'Steierreform kéint net direkt komme well eng Rei Depense gemaach misste ginn, déi direkt bei de Leit ukommen an direkt géife gräifen. D'Finanzministesch hätt net gesot, datt keng Steierreform gemaach soll ginn. "Mir sinn och der Meenung, datt eise Steiersystem net gerecht ass", betount d'Josée Lorsché.

ADR: Et gëtt Sputt fir ze spueren

Mitigéierte Bilan och vum Fernand Kartheiser vun der ADR. Eng Rei Mesurë wiere positiv, d'Regierung hätt d'Depensen net am Grëff: Lëtzebuerg géif sech weider verschëlden.

"Et muss een oppassen, datt een déi verschidde Begrëffer net verwiesselt. Et gëtt gesot: wann ee spuert, da wier dat Austeritéit. Austeritéit ass awer eppes anescht wéi spueren."

An engem Staatsbudget, dee 25 Milliarden Depensen huet, géif et Sputt gi fir ze spueren, mengt de Fernand Kartheiser.

Piratepartei: Wou sollen d'Recetten hierkommen?

D'Regierung erwaart sech 10 Prozent Wuesstem bei de Recetten. Fir de Sven Clement vun de Piraten ass dat erstaunlech: hie freet sech, wou déi Sue sollen hierkommen.

"Ech hunn e bëssen Angscht, datt mir herno an eng Situatioun kommen, wou d'Recetten net esou séier wuesse wéi d'Regierung dat hofft, an doduerch Depense genee esou séier wuessen, wéi dat geplangt ass, an den Defizit explodéiert."

De Sven Clement mengt, datt dat dann awer net méi de Problem vun dëser, mee vun der nächster Regierung wier.

"Ech hunn e bëssen d'Gefill dat hei ass esou ee Budget 'Fin de mandat' ass, wou een der nächster Regierung en Ee an d'Nascht leet."