Radioen

On air

Resonanzen  |  Jazz and the City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Premier schéckt Froekatalog zur Impfflicht un d'Chamber

Virun der Consultatiouns-Debat

Premier schéckt Froekatalog zur Impfflicht un d'Chamber

Am Virfeld vun der geplangter Consultatiouns-Debatt d'nächst Woch an der Chamber iwwer d'Fro vun enger Impfflicht, huet de Premier Xavier Bettel gëschter Owend een "Document de Synthèse" un d'Chamber geschéckt: et geet ëm d'Fro vun enger sektorieller oder universeller obligatorescher Vaccinatioun. Am Dokument vun 28 Säiten - dat dem Radio 100,7 virläit - ass ë.a e Katalog mat Froen ze fannen, déi et ze tranchéiere gëllt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Am Virfeld vun der Consultatiouns-Debatt d'nächst Woch an der Chamber iwwer d'Fro vun enger Impfflicht, huet de Premier Xavier Bettel gëschter Owend een "Document de Synthèse" un d'Chamber geschéckt. Am Dokument vun 28 Säiten - dat dem Radio 100,7 virläit - ass e Katalog mat Froen ze fannen, déi sollen tranchéiert ginn.

Wéi ee Kader soll gesat ginn?

D'Froen iwwer d'Pertinenz vun enger Impfflicht ginn op Basis vum Rapport vun Experten gepréift, heescht et doran.

Wann d'Aféierung vun enger Vaccinatiouns-Obligatioun am Kampf géint d'Corona-Pandemie sech géif justifiéieren, da muss de Kader bestëmmt ginn, d'Applikatiouns-Feld, d'Sanktiounen, d'Kontroll-Mechanismen an ë.a. Froe vum Dateschutz.

Gekläert gi soll d'Fro wéini eng Impfflicht soll agefouert ginn, grad wéi d'Fro ob se an der Zäit soll limitéiert ginn oder net.

Soll eng eventuell Impfflicht fir all d'Leit gëllen, déi an de Grand-Duché kommen, oder fir d'Awunner an d'Grenzgänger oder just fir d'Residenten, esou eng weider Fro.

12 Froen iwwer méiglech Sanktiounen

Da geet et ëm den Alter: soll d'Obligatioun fir Persoune vu 14, 16 oder 18 Joer u gëllen, oder fir Leit vu méi engem héijen Alter, sou wéi et an Italien proposéiert gouf?

E weidert Froefeld ass dat vum Beruff: sollen all d'Beruffs-Gruppe sech mussen impfe loossen, oder just den ëffentlechen Déngscht, de Santés-Secteur oder z.B. den Educatiouns-Secteur?

Direkt 12 Froe gi gestallt, beim Punkt vun de Sanktiounen: sollen dës penal oder administrativ sinn? Wéi héich soll eng eventuell Geldstrof ausfalen, soll eng Net-Vaccinatioun zu enger Entloossung kënne féieren?

Wéi soll bei enger Impfflicht mat Persounen ëmgaange ginn, déi scho Covid haten, wéi eng Ausname sollen et ginn, an no wéi enge Prioritéite soll am Fall vun enger Vaccinatiouns-Obligatioun geimpft ginn, esou e puer vun de weidere Froen, déi d'Regierung gäre gekläert hätt, an déi an der Nott ze liese sinn, déi de Xavier Bettel gëschter Owend verschéckt huet.