Gesellschaft Potential fir Rietsextremismus ass do

Fënnef Gruppe vu 15 bis 20 Leit, representativ fir d'Lëtzebuerger Gesellschaft, déi alleguer zwee ganzer Deeg wärend jeeweils zéng Stonne mateneen diskutéiert hunn, mat enger Moderatioun natierlech, op der Basis vun engem Froekatalog: dat war d'Aart a Weis wéi de parlamentaresche Léierstull vun der Uni Lëtzebuerg d'Informatioune fir seng Etüd "Societas" gesammelt huet.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Philippe Poirier
De Philippe Porier ass Politolog op der Uni Lëtzebuerg

Eng vun de Conclusioune vun dëser Etüd ass déi, datt et och zu Lëtzebuerg e gewëssent Potential fir eng rietsextrem Tendenz gëtt, datt awer nach ni eng politesch Kraaft et fäerdeg bruecht huet, dat Potential ze mobiliséieren, seet de Philippe Poirier vun der Uni:

"Sur la question d'un vote d'extrême droite ou d'attachement à l'identité nationale fort, il y a un potentiel électoral que je mesure, moi personnellement depuis une dizaine d'années, autour de 20 à 25 %. Les forces politiques ou des individus n'ont jamais réussi à transformer ce potentiel électoral en vraie force politique comme il peut en exister en Allemagne, en France ou en Flandre. Alors ce qui est intéressant du point de vue sociologique, c'est que cet intérêt pour ce type d'identité nationale n'est pas le propre des Luxembourgeois de souche. Cela touche aussi p.ex. des descendants d'immigrés italiens ou des immigrés récents qui ont acquis la nationalité luxembourgeoise ou qui vivent au Luxembourg, qui véhiculent le protectionnisme économique, la continuité de leur communauté nationale. Et donc c'est pour ça qu'il y a un vrai potentiel d'un parti comme on connait dans d'autres démocraties. Mais jusqu'ici ni le canal électoral, ni le système électoral ne le permet."

D'Leit sinn ëmmer manner engagéiert

An der Lëtzebuerger Gesellschaft mécht de Phenomeen vun der sougenannter Individuatioun sech ëmmer méi breet. Zu där Conclusioun kënnt de parlamentaresche Léierstull vun der Uni Lëtzebuerg a senger Etüd "Societas", där hir Haaptconclusioune kierzlech virgestallt goufen.

Konkret bedeit dat, datt d'Leit sech ëmmer méi op sech zeréckzéien, op hiert direkt Ëmfeld, hir Aarbecht, hir Fräizäitaktivitéiten a sech ëmmer manner engagéieren, sief et a Parteien, Gewerkschaften oder a Veräiner, seet de Politolog Philippe Poirier.

"C'est-à-dire que les résidents et citoyens du Luxembourg sont de plus en plus centrés sur leur vie personnelle, leurs cercles plus proches, leur travail et leurs loisirs. Et qu'ils participent de moins en moins, ou du moins sont de moins en moins intéressés par ce qu'on appelle en sociologie l'action collective, les identités collectives, que ce soient les partis politiques, les syndicats, les cultes, la vie associative."

Eng plurikulturell Gesellschaft

Direkt domat zesummen hänkt d'Entwécklung vun enger soss multi- bei eng haut ëmmer méi plurikulturell Gesellschaft. An där multikultureller hunn déi verschidde Kulture sech vermëscht, an der plurikultureller liewe si éischter niefteneen, erkläert de Philippe Poirier:

"Dans le pluriculturalisme nous avons à la fois une culture sociétale partagée; au Luxembourg c'est l'attachement à la démocratie et à la croissance économique. Et puis, en même temps, il y a la reconnaissance qu'il y a des communautés culturelles qui ont leur propre autonomie à la fois dans leurs modes de consommation de biens culturels, dans la pratique des langues ou même dans des représentations ou des fêtes culturelles ou symboliques."

Den Nimby-Effekt

Waren am Virfeld vun de Walen 2013 nach déi wirtschaftlech Situatioun, Chômage a Beschäftegung d'Sujeten, déi d'Leit - eegenen Aussoen no - als wichtegst politesch Erausfuerderungen ugesinn hunn, esou war et 2018 d'Theema Logement. Dat huet d'Chaire parlementaire vun der Uni Lëtzebuerg bei der Analys an dem Verglach vun den zwou leschte Walcampagnen erausfonnt.

Interessant ass, datt 2018 op eemol Mobilitéits-, Klima- an Ëmweltfroe ganz uewen op der Prioritéitelëscht vun de Leit optauchen. Punkten, déi fënnef Joer virdrun nach keng gréisser Roll gespillt hunn. De Philippe Poirier vun der Uni hält awer op dës Prezisioun:

"Sur la question de l'environnement, il faut bien faire attention, parce que d'un côté il y a de vraies préoccupations comme on en retrouve dans d'autres sociétés européennes sur le réchauffement climatique, sur les modes alternatifs aux énergies etc. Mais en même temps l'environnement cache aussi une forme de conservatisme. Là on retrouve le principe de l'individuation. C'est à dire qu'on s'intéresse à l'environnement, non pas dans la qualité générale de l'environnement, mais plutôt dans sa petite qualité de vie, dans son quartier, j'allais dire même dans son lotissement ou dans sa rue, où on ne veut ni bruit, ni tondeuse etc. Donc ce qu'on appelle péjorativement l'effet nimby."

Nimby, not in my backyard. Iwwerall also, mee just net bei mir.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Matthias Kirsch Analys
Chronik

Fir d'zweete Kéier am Wahlkampf an Thüringen krut de Mike Mohring, Spëtzekandidat vun der CDU, Mordmenacen aus dem rietsextremen Eck. Firwat ass d'Radikalitéit an der däitscher Politik nees normal ginn?

De Logement gouf vergiess
Chamberwahlen 2018

D'Problemer vum Wunnengsmaart an de Grëff ze kréien. Dat verspriechen all d'Parteien an dësem Wahlkampf. Verschidde Programmer leien no beieneen. Nëmme vereenzelt Mesurë stiechen eraus, fënnt d'Christiane Kleer.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen