Radioen

On air

De Moien  |  Clara Luciani - Comme Toi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Poste steet theoretesch op"

Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher

"Poste steet theoretesch op"

Et ass nach net kloer, ob den aktuelle President vum Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand, de René Schlechter, d'Funktioun vum geplangten Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher wäert iwwerhuelen. Dem René Schlechter säi Mandat un der Spëtzt vum ORK gouf d'lescht Joer fir weider fënnef Joer erneiert. De Gesetzprojet fir d'Schafe vum Ombudsman géif deemno eng Transitiounsphas virgesinn. Et bleift allerdéngs ofzewaarden, wat de Staatsrot dozou wäert soen.

auto_stories

2 min

René Schlechter

Dem geplangte Gesetzprojet no soll den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher fir ee Mandat unique vun aacht Joer op Propos vun der Chamber nominéiert ginn.

Et géif theoretesch opstoen, wien dëse Poste géif iwwerhuelen, seet den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry. Eng Transitiounsphas, déi momentan am Gesetzprojet virgesinn ass, géif festhalen, datt den aktuelle President vum Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand d'Funktioun vum Ombudsman géif iwwerhuelen. D'Mandatsperiod vun dësem neie Poste wier awer op manner wéi aacht Joer limitéiert, sou den Alex Bodry.

Avis vum Staatsrot ofwaarden

Et bleift allerdéngs ofzewaarden, wat de Staatsrot a sengem Avis zum Artikel am Gesetzestext iwwert déi geplangt Transitiounsphas wäert soen.

Wann d'Gesetz a Kraaft géif trieden, géif och gekuckt ginn, wien den Ombudsman fir d'Rechter vun de Kanner a Jugendlecher soll ginn, seet den DP-Deputéierte Gilles Baum. D'Chamber soll an Zukunft, fir all Gesetzprojet oder groussherzoglecht Reglement, dat een Impakt op d'Kanner huet, den Ombudsman ëm säin Avis froe mussen.

Dee géif dann och der Chamber ënnerstoen an net dem Educatiounsministère, wéi dat beim Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand de Fall ass. Et wier wichteg, datt dat Organ un d'Chamber rattachéiert géif ginn an datt och déi Persoun méi visibel a méi valoriséiert gëtt, sou de Gilles Baum. Konkret heescht dat, datt déi Persoun an hir Servicer fir Jugendlecher, Kanner, Elteren an Tuteure méi bekannt gemaacht ginn.

Funktioun vun Ombudsman stäerken

D'CSV-Deputéiert Sylvie Andrich-Duval bedauert, datt de Gesetzprojet net éischter op den Instanzewee komm ass. An hiren Ae wier et wichteg, datt mat dem geplangte Poste vum Ombudsman fir d'Kanner a Jugendlecher kloer en Numm no bausse kommunizéiert gëtt.

"Do misst carrement eng Kommunikatiounsstrategie entwéckelt ginn, well déi Ombudspersoun dierf op verschidde Plaze goen, wou Kannerrechter eventuell kéinte geschiedegt ginn", seet d'CSV-Deputéiert.

Dovu wiere souwuel Schoulen, Foyere wéi Crèchen betraff. Et wier wichteg, datt déi betraffe Leit wéissten, datt déi Persoun dierf an esou Ariichtunge goen an datt dat och kéint Konsequenzen hunn. Fir d'Kanner selwer solle kannerfrëndlech Prozedure geschaaft ginn, fir mat der Ombudspersoun kënnen a Kontakt ze trieden.

Och d'Zesummespill vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher mat den aneren Autoritéite fir de Respekt vun de Mënscherechter misst kloer definéiert ginn, esou nach d'CSV Deputéiert Sylvie Andrich Duval.

Lauschterenplay_arrow