Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Post: Gréisser Pann d'lescht Woch mam 4G-Reseau

Telekommunikatioun

Post: Gréisser Pann d'lescht Woch mam 4G-Reseau

D'Post hat de leschten Donneschdeg eng gréisser Pann mat hirem mobille 4G-Reseau. Et wier eng vun de gréisste Pannen an de leschte Joren am mobille Reseau gewiescht, seet de Cliff Konsbruck, Direkter vu Post Telecom, op eis Nofro hin. D'Ursaachenanalys wier nach net ofgeschloss. Et géif op Feeler bei engem techneschen Equipement hindeiten. Eng Cyberattack kéint ausgeschloss ginn.

auto_stories

1 min

D'Konsequenze ware fir d'Clienten a verschiddenen Etappe vun zéng Auer moies bis aacht Auer owes ze spieren. D'Post-Clienten hate Problemer mam mobillen Internet, deelweis konnte si och net méi telefonéieren, well den 2G- an den 3G-Reseau wéinst der Pann vum 4G-Reseau impaktéiert waren, seet de Cliff Konsbruck.

No verschiddenen Interventiounen iwwer déi lescht Deeg wier de Reseau elo nees 100 Prozent stabel.

Gléck am Ongléck war, datt d'Pann während dem Ufank vun der Summervakanz passéiert ass. D'Post hätt den Donneschdeg allgemeng manner Trafic gehat wéi zu Spëtzenzäiten. Soss wier den Impakt nach méi grouss gewiescht, esou d'Post.

D'Post ass de gréissten Telecom-Operateur zu Lëtzebuerg.


Interview mam Cliff Konsbruck:

Lauschterenplay_arrow