Fräie Mikro Politik a Plagiat

Mëttlerweil diskutéiere mir och zu Lëtzebuerg iwwer Politiker, déi wärend hirem Studium wuel net ëmmer esou ganz propper geschafft hunn. Wéi soll een dat bewäerten a wou genau ass hei eigentlech de Problem? Dat freet sech de Michel Dormal, Politikwëssenschaftler op der Uni zu Oochen.

Michel Dormal

Meenung Michel Dormal

Virun enger Zäit krut ech ob der Uni eng schrëftlech Aarbecht vun engem Student, deen niewent sengem Studium ganz engagéiert an enger grousser däitscher Partei war. En hat dowéinst leider ni vill Zäit fir d'Uni. A leider war déi Aarbecht dann och bal komplett aus verschiddene Bicher an aus dem Internet ofgeschriwwen. Wéi ech vun der Affär ëm dem Xavier Bettel säin DEA héieren hunn, ass dat mer direkt nees an de Kapp komm. Wat an där Affär erauskënnt, bleift ofzewaarden. Hanner virgehalener Hand kritt een op der Uni awer nawell oft nach méi sou Geschichten erzielt. Anscheinend gëtt et bei jonke Politiker hei e strukturelle Problem. An dat no menger Erfarung och queesch duerch all d'Parteien. Mee wat genau ass dorunner eigentlech schlëmm?

Et geet hei net ëm den droit d'auteur. Wëssenschaftler verdénge mat Texter nämlech normalerweis keng Suen. Si freeë sech souguer, wann anerer hir Gedanke ofgräifen. Normalerweis natierlech esou, datt ee gesäit, wou eppes hierkënnt. Mee dat ass eng Fro vun Transparenz an Éierlechkeet, net vu Copyright.

Et geet och net dorëms, dass hei eng eegen Iddi feelt. Ech wëll kengem ze no trieden, mee wa just nach déi Leit en Diplom géife kréien, déi eegen Iddien hunn, wier Lëtzebuerg sécher net eent vun de Länner mam héchsten Taux un Akademiker weltwäit. Déi allermeeschten Aarbechten, déi ob der Uni geschriwwe ginn, sinn zimmlech langweileg a faasse virun allem zesummen, wat anerer schonn gesot hunn.

Net dat néidegt Format

Et héiert een och, Politiker hätten awer eng Virbildfunktioun. Et gi sécher exzeptionell Situatiounen, wou dat stëmmt. Virun allem a Krisen, wéi am Moment mat Corona. Mee am Alldag wier dat wuel ze vill erwaart. Et muss ee keen Engel sinn, fir eng Partei ze féieren, fir an der Chamber e Gesetz ze verhandelen oder e Ministère gutt ze geréieren. Engem, dee sech ze vill als Hellegen duerstellt, trauen d'Leit iwwregens schnell och net méi sou ganz. Als gutt Katholicke wëssen d'Lëtzebuerger, datt jiddwereen eppes ze beichten huet.

Wou also ass de Problem? De Problem ass a mengen Aen virun allem, datt hei een dat, wat e grad mécht, anscheinend fir onwichteg hält. Fir net richteg der Méi wäert. Et weist e Manktem u Respekt - vis-a-vis vun der Saach, ëm déi et geet, a vis-a-vis vun all deenen, déi probéieren, déi Saach uerdentlech ze maachen. Mee ass dat politesch relevant? De Soziolog Max Weber huet viru gutt honnert Joer geschriwwen, Politik wier "ein starkes langsames Bohren von harten Brettern mit Leidenschaft und Augenmaß". Ween ofschreift, léisst erkennen, datt et mat dëse Qualitéiten net ganz wäit hier ass. Datt d'Gedold feelt, fir bei der Saach ze bléiwen. Datt d'Leidenschaft feelt, fir sech wierklech fir e Problem ze interesséieren. An datt d'Augenmaß feelt, fir d'Situatioun anzeschätzen. Ween dës Qualitéite bewisen huet, an där Politiker ginn et, deem kann ee munch mënschlech Schwächt verzeien. Mee net jiddwer Student, dee vun enger politescher Karriär dreemt, huet dat Format.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Xavier Bettel
Plagiatsvirwërf géint Xavier Bettel

D'Universitéit vun der Lorraine mécht eng Enquête op fir d'Plagiatsvirwërf géint de Premier Xavier Bettel ze iwwerpréiwen. Dat huet d'Uni gëschter Owend per Communiqué matgedeelt.

Xavier Bettel
Ofschlossaarbecht vun 1999

Beim Premier Xavier Bettel senger Ofschlossaarbecht handelt et sech ëm e "klore Fall vu Plagiat", esou Online-Magasinn reporter.lu. Jee no Konklusioun vun enger weiderer Analys misst de Premier Konsequenzen zéien, esou d'Piraten an d'ADR.

 

Net verpassen

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Am Nomëtteg vun 3 bis 6

  • Panorama

  • Tockcity

  • The Benny Brown Show

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen